Radioen

On air

Jazz Club  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Libertäre Populist Javier Milei gewënnt Presidentschaftswalen

Argentinien

Libertäre Populist Javier Milei gewënnt Presidentschaftswalen

De libertäre Populist an Oppositiounspolitiker Javier Milei huet d‘Presidentschaftswalen an Argentinien gewonnen. Hie kann sech mat 55,69 Prozent vun de Stëmmen däitlech virum lenke Kandidat Sergio Massa duerchsetzen. 

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Igor Wagner
De Javier Milei huet mat 55,69 Prozent, d'Wale gewonnen. (Foto: picture alliance/dpa | Igor Wagner)

De Milei huet vun engem historeschen Dag geschwat, säi Géigner huet seng Néierlag schonn acceptéiert. De Milei gesäit sech selwer als Anarchokapitalist deen d‘Zentralbank an eng sëllege Ministere wëll ofschafen, Sozialdepense solle gekierzt ginn, de Staat op de Minimum reduzéiert ginn. Argentinien stécht momentan an enger déiwer Wirtschaftskris. Zu den éischte Gratulante vum Milei huet de fréieren amerikanesche President Donald Trump gehéiert.