Den Tankrabatt vu fënnef Cent pro Liter Bensinn an Diesel gëtt bis Enn Februar 2027 verlängert. All déi aner staatlech Energie-Subventioune fir Stroum, Mazout a Gas – déi schonn a Kraaft sinn – gi fir dat ganzt nächst Joer verlängert.
Dëse Kompromëss hunn d’Regierung, d’Patronat an d’Gewerkschafte gëschter Mëtteg zu Senneng ënnerschriwwen. De Käschtepunkt fir dës Verlängerung vun den Energiemesurë soll bei ronn 150 Milliounen Euro leien.
Previsibilitéit verhënnert keng volatil Situatioun
Wat vun alle Säite gelueft gëtt ass d’Previsibilitéit, déi elo geschafe ginn ass. Firwat gesi sech d’Sozialpartner an d’Regierung awer schonn am Februar erëm? De Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles (DP) betount am 100,7-Interview, datt d’Situatioun awer weider volatil bleift.
“Een Tweet geet duer fir d’Präisser um Weltmarché duercherneenzerëselen."
Am Februar soll den Tankrabatt awer trotzdeem net verlängert ginn. Dee gëtt “definitiv” auslafe gelooss, dorop hätt ee sech gëeenegt, ënnersträicht de Lex Delles.
Ee Grond dofir ass, datt ee gemierkt hätt, datt den Diesel an de Bensinn nëmme minimal eng Roll spille fir d’Inflatioun ofzebremsen, esou den DP-Minister.
Ausserdeem kéint een argumentéieren, datt och de psychologeschen Effekt bescheiden ausfält: Trotz Subventioun vum Staat bleiwen d’Präisser op der Pompel weider héich.
Dat weess och de Lex Delles, dee weider erkläert, datt zum Deel d’Fluctuatioune vun de Bensinns- an Dieselpräisser méi héich ware wéi den Tankrabatt.
Präisser op der Pompel: "Dat si keng Präisser, déi d’Lëtzebuerger Regierung mécht"
Den Tankrabatt féiert sécher och dozou, datt den Tanktourismus weider gefërdert gëtt. Dat ass net gutt fir d’Klimaziler vum Grand-Duché. D’Previsioune vum STATEC hunn dat och bestätegt.
Den Energieminister betount allerdéngs, datt et ëmmer schonn e groussen Ënnerscheed am Präis tëschent eis an dem Ausland ginn hätt. Trotzdeem hätt ee gemierkt, datt zënter dem Tankrabatt d’Quantitéit u verkaaftem Bensinn an d’Luucht gaangen ass.
Hie betount awer, datt der Regierung do och zu engem groussen Deel d'Hänn gebonn sinn.
“Déi Präisser, déi op der Pompel sinn, dat si keng Präisser, déi d’Lëtzebuerger Regierung mécht. Dat si keng Präisser, déi an der EU décidéiert ginn. Dat sinn Decisiounen, déi am Ausland geholl ginn, well mir Kricher a verschiddene Regiounen hunn, well mir Chaînes d’approvisionnement vu Réiueleg an der Strooss vun Hormus blockéiert hunn.”
Et wier also d’Responsabilitéit vun der Lëtzebuerger Regierung, d’Leit do virdrun ze protegéieren, esou de Lex Delles.
Bereet d'Verlängerung vum Tankrabatt dem Minister Bauchwéi?
Eng Strategie ass et dofir och, weider konsequent op den Ausbau vun erneierbaren Energien ze setzen. Doduercher géing ee manner ofhängeg vum Ausland ginn a jidderee kéint sech seng Alternativen eraussichen, seet de Lex Delles.
De Minister ënnersträicht ausserdeem, datt et esou Hëllefen an deem Ausmooss am Ausland net ginn.
Huet et dann awer net e bësse wéi gedoen, enger Verlängerung vum Tankrabatt zouzestëmmen? Den LCGB wollt e souguer nach méi laang verlängeren.
De Lex Delles betount op en Neits, datt an der Tripartite un “d’Raison vum Lëtzebuerger Land” geduecht ginn ass.
“E gudden Accord ass een, wou jidderee sech e bëssen erëmfënnt, mee net zu 100 Prozent engem seng Iddi ass.”
Diskussiounen tëschent DP an CSV ganz normal, seet de Lex Delles
Am Hibléck op déi nächst Walen ass dës Tripartite awer och intressant. Fir wat steet eng DP? Fir wat steet eng CSV?
Datt et ënnerschiddlech Meenunge vu béide Regierungspartei gouf, dat schéngt wuel kee Geheimnis ze sinn.
Den DP-Minister verstoppt dat och net. Et wier een an deem hei Fall zwar mat der selwechter Meenung an d’Diskussiounen eragaang, mee:
“Dat ass bei all Dossier esou, datt mir Diskussioune hunn, soss bréichte mir keng Koalitioun.”
Mesuren net selektiv genuch? "Eppes aneschters ass guer net méiglech"
Eng Kritik un de Mesurë bleift awer déi, datt se net selektiv sinn. Et gëtt also keen Ënnerscheed gemaach tëschent engem, deen 8.000 Euro netto verdéngt an engem, deen de Mindestloun kritt.
Dobäi kënne wuel vill Leit op den Tankrabatt verzichten. Als Beispill: Bei engem Tank vu 60 Euro mécht de Rabatt 3 Euro aus.
D’Regierung kritt eng Politik mat der Strenz virgehäit. De Lex Delles behaapt sech awer, datt eppes aneschters guer net méiglech wier.
D’Tripartite wier zesummekomm, well duerch d’Inflatioun d’Leit u Kafkraaft verléieren an een ze vill Indextranchen – also eng Kompensatioun vun der Kafkraaft – riskéiert. Dat kascht de Betriber nämlech vill Geld.
Lex Delles verweist op vill aner Hëllefen
Dofir muss een eppes um Wuerekuerf maachen, erkläert de Lex Delles. Dat kann ee senger Meenung no nëmmen “an der Breet a fir jidderee” maachen.
E Fakt wier, datt de Punkt Energie vill an deem Wuerekuerf ausmécht, déi Käschten also e groussen Deel vum Akommes schlécken.
Ausserdeem géing een de Leit a Schwieregkeeten op aneren Aart a Weisen hëllefen, seet de Lex Delles. Hien nennt d’Allocation de vie chère, d’Energieprimm, déi verdräifacht a méi breet opgemaach ginn ass, a vum 1. Januar u mat der Allocation de vie chère zesummen ausbezuelt gëtt.
“Dat ass Sozialpolitik, déi ee mécht. Dat anert ass d’Kafkraaft erhale vun de Leit en général an d’Inflatioun ofzebremsen.”
Den Tankrabatt vu fënnef Cent pro Liter Bensinn an Diesel leeft also nach bis Enn Februar 2027. All déi aner staatlech Energie-Subventioune fir Stroum, Mazout a Gas gi fir dat ganzt nächst Joer verlängert.