Radioen

On air

9 bis 1  |  The National - Deep End (Paul_s In Pieces)

play_arrow Live
search

/ Lëtzebuergesch bleift déi am meeschte geschwate Sprooch hei am Land

De Sproochepluralismus hëlt zou

Lëtzebuergesch bleift déi am meeschte geschwate Sprooch hei am Land

Lëtzebuergesch bleift déi am meeschte geschwate Sprooch hei am Land, och wann de Sproochepluralismus zanter 2011 däitlech zougeholl huet.

auto_stories

1 min

Wéi de Statec haut schreift ass d‘Zuel vun de Leit, déi soen, Lëtzebuergesch wier hir éischt Sprooch, zwar op 275.000 Leit geklomm, den Undeel geet awer vu 55,8 op 48,9 Prozent zréck.

Och d‘Portugisescht an d‘Italieenesch ginn als zweet, respektiv fënneft Sproch am Ranking manner benotzt wéi nach am Joer 2011.

Gewënner sinn d‘Franséischt an d‘Englescht. Och den Undeel vun anere Sproochen huet däitlech zougeholl. Dat selwecht gëllt fir Sproochen aus der Balkan-Regioun.

Hei kënnt Dir déi ganz Etüd noliesen