search

/ Lëtzebuergesch Online: d'Sprooch méi no un d'Leit bréngen

Lëtzebuerger Sprooch

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Lëtzebuergesch Online: d'Sprooch méi no un d'Leit bréngen

Fir d’Lëtzebuerger Sprooch de Leit besser zougänglech ze maachen, goufe scho bestoend Online-Outilen iwwerschafft an erweidert. Dat huet de Kulturminister Eric Thill zesumme mat Vertrieder vum Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch annoncéiert.

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow
© Illustratioun: radio 100,7/Adobe Stock
(Foto: Illustratioun: radio 100,7/Adobe Stock)

Komplett iwwerschafft gouf den Orthotrainer – eng Plattform, wou ee kann déi Lëtzebuergesch Orthographie unhand vu verschiddenen Exercicer léieren an trainéieren. Fir de Site weider ze entwéckelen, huet een didaktesch um bestoenden Site opgebaut. Iwwerdeems gräift een fir d'Exercicer op Orthographiecourse vum ZLS aus deene leschte 15 Joer zeréck, wéi den DP-Kulturminister Eric Thill erkläert.

"Et gëtt nieft dem Léierparcours, deen ee spilleresch un d'Orthografie eruféiert, deen also eng Form vun Gamification duerstellt, och eng Theorie-Sektioun. Hei ginn d'Reegele vun der Orthographie all nach eng Kéier eenzel erkläert an och mat den entspriechenden Exercicer an deem Sënn verbonnen."

Den Orthotrainer, soll genee ewéi de Spellchecker an de kommende Wochen als App zur Verfügung stoen.

Weider Neierungen a konstruktiv Gespréicher mat Apple a Microsoft

D’Sproochmaschinn, gouf och komplett iwwerschafft. Deen Tool, deen engem Audiodateien transkribéiert an Texter op Lëtzebuergesch virliese kann, kann elo op duebel esou vill Donnéeën zeréckgräife wéi virum Update an ënnerschiddlech Spriecher erkennen.

Iwwerdeems kritt een d’Méiglechkeet am LOD (Lëtzebuerger Online Dictionnaire) an, an aus dem Hollänneschen eraus ze iwwersetzen.

Iwwerdeems huet den  Eric Thill ugemierkt, datt ee mat Microsoft a konstruktive Gespréicher wier d'Lëtzebuergescht an hire Programmer méi breet als Sproochenoptioun unzebidden. Dat nämmlecht gëllt fir Apple, do wier en allerdéngs nach net esou wäit wéi mat Microsoft, esou nach de Kulturminister.

play_arrow Lauschteren