Text vum Luca Di Santolo
Déi national Tourismusagence Luxembourg for Tourism seet, et géife fir de ganzen Abrëll méi Reservatioune gi wéi d’lescht Joer. Och d’Presidentin vun der Campingfederatioun Camprilux, Florence Bertemes, begréisst déi vill Reservatiounen.
"Bal plus minus 15 Prozent méi Buchungen no Mäerz oder Ufank vun Abrëll wéi deementspriechend d'lescht Joer déi selwecht Zäit. Dat weist jo awer mengen ech dorops dohin, datt d'Touristen net méi allze vill wäit wëlle fueren."
D'Reesverhalen ännert sech
De Campingtourismus mécht en Drëttel vun alle Reservatiounen zu Lëtzebuerg aus, esou de Sebastian Redekker, Direkter vu Luxembourg for Tourism.
Déi héich Spritpräisser an déi aktuell international Lag géingen dozou féieren, datt méi Touristen aus der Groussregioun Lëtzebuerg als eng attraktiv a sécher Vakanzendestinatioun gesinn. Ënner anerem dowéinst geet Luxembourg for Tourism vu liicht besseren Zuele wéi am leschte Joer aus.
"Reesen ginn ëmmer méi zu engem Grondbedierfnes vun de Mënschen, an dat huet sech an de leschte Joren ëmmer méi gewisen a beim Grondbedierfnes gëtt als lescht gespuert. Dat heescht natierlech wäerten et verschidden Ännerungen am Reesverhalen insgesamt ginn, dat heescht an der Limitt méi kuerz reesen oder net méi esou dacks reesen."
De Sebastian Redekker geet awer net dovun aus, datt d'Leit eng Kéier komplett op Reese verzichte wäerten.
Vill spontan Visitten
Vill Leit, virun allem aus der Grenzregioun, géingen hir Visitten awer spontan plangen an als éischt kucken, ob d’Wieder matspillt. Fir den Ouschterweekend ass dat dëst Joer de Fall.