Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
search

/ Lëtzebuerger Kompensatiounsfong verkeeft seng Tesla-Participatioun net

No Holland

Lëtzebuerger Kompensatiounsfong verkeeft seng Tesla-Participatioun net

De Lëtzebuerger Kompensatiounsfong huet net wëlles seng Tesla-Participatioun ze verkafen. Dat seet de President vum Kompensatiounsfong Alain Reuter. Den LSAP Deputéierte Mars Di Bartolomeo hat dat an enger parlamentarescher Fro gefrot, nodeems den hollännesche Pensiounsfong seng Participatioun verkaf huet.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

© Morgane Weidig play_arrow
(Foto: Morgane Weidig)

De Lëtzebuerger Kompensatiounsfong, deen d'Pensiounsreserve geréiert, huet iwwer 164 Milliounen Euro an déi amerikanesch Elektroauto-Firma Tesla investéiert. Dat preziséiert déi zoustänneg Ministerin Martine Deprez ugangs der Woch, an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Mars di Bartolomeo. 

Den LSAP Deputéierten hat och gefrot, op de Lëtzebuerger Kompensatiounsfong dem Beispill vum hollännesche Pensiounsfong wéilt nogoen. Deen huet rezent all seng Tesla Participatiounen, am Wäert vu 571 Milliounen Euro, verkaf. Als Grënn dofir hätt Holland virun allem déi "exzessiv“ Remuneratioun vun Tesla fir hire Grënner Elon Musk genannt, mee och de Verdacht, datt d'Aarbechtskonditioune bei Tesla schlecht wieren a géint Prinzippie vum hollännesche Pensiounsfong géife verstoussen, heescht et an der question parlementaire vum Mars di Bartolomeo

Eenzel Elementer sinn "um Radar"

De Lëtzebuerger Kompensatiounsfong géif den Ament net drun denken, seng Tesla Participatiounen och ze verkafen, sot eis op Nofro hin de President vum Kompensatiounsfong Alain Reuter. De Kompensatiounsfong kéint d'ethescht Verhale vun enger Firma wéi Tesla, an déi en investéiert huet, observéieren.

"Eise Fournisseur kann net bestätegen, datt déi Firma ee Breach ass par rapport zur Vergütung vun hirem CEO beispillsweis, oder eeben a Saachen Traitement vun den Aarbechter, déi an deene Firme schaffen. Mee et si Kloe komm, et sinn Artikelen an der Press verëffentlecht ginn zu deene Comportementer oder zu der Net-Zefriddenheet vun Aarbechter. An deementspriechend ass den Outlook am Moment neutre, mee déi sinn um Radar."

Wa sech géif erausstellen, datt an der Produktioun vun Tesla Verstéiss géint Mënscherechter verstouss gëtt, dat kéint ee consideréieren, seng Participatioun ze verkafen.