D‘Internetsäite vun Enovos a Creos si fir de Moment weiderhin net accessibel. Hir IT-Servicer wieren am gaangen d‘Grënn vum Dysfonctionnement ze analyséieren. A béide Fäll geet ee vun enger Cyberattack vum Typ DDOS aus.
Bei enger DDOS-Attack ginn d’Servere vun engem Service duerch massiven Zoufloss blockéiert - esou datt soss kee méi drop kënnt.