Ee grousse Problem gesäit de Flüchtlingsrot och doran, datt onbegleete Mannerjäreger net genuch geschützt ginn.
Dem Gesetzesprojet no kënne Kanner vu 16 Joer un an ee Centre de retentioun placéiert ginn. Eng Commission consultative sollt dem Gesetzesprojet no d‘Situatioun vun all Mannerjäregem ënnersichen.
Esou eng gëtt et och schonn, erkläert d’Valérie Mahé vum LFR virun der Press. Mee där hir Aarbecht géif awer dem LFR no net wäit genuch goen.
"On se pose la question effectivement de savoir qui va proposer cette commission, dans quel cadre elle va intervenir, à quel moment elle va intervenir et qui va finalement évaluer l'intérêt supérieur de l'enfant. Aujourd'hui, on n'a pas encore de réponses. On voudrait justement pas que la commission actuelle soit exactement la même qui sera mis en place dans le nouveau projet de loi, parce que cette commission actuelle ne prend pas du tout en compte l'opinion de l'enfant, même s'il est entendu lors de cette commission."
Et géif een nämlech weder d'Integratioun, nach de schoulesche Parcours oder Gesondheetsfacteuren vu Mannerjäregen dobäi berücksichtegen, esou nach d'Valérie Mahé.
LFR fuerdert besonnesch ausgebillten Affekote fir Mannerjäreger
Och wat den Encadrement vun onbegleete Mannerjäregen ugeet, mécht den aktuelle Projet de Loi dem Flüchtlingsrot Suergen. Et wier deemno wichteg ze verankeren, datt déi Jonk vun Ufank u professionell begleet ginn, sou d’Valerie Mahé, vum LFR.
"On plaide plutôt pour un avocat qui soit formé aussi dans l'accueil des mineurs, car, on le répète, c'est un public qui est très vulnérable et qui a besoin d'être encadré dès le départ. On espère en tout cas que ce professionnel-là soit un avocat."
Konkret Richtlinne géife feelen
Am Centre de filtrage, also do wou an Zukunft gekuckt soll ginn a wéi eng Prozeduren d‘Leit orientéiert ginn, géifen d‘Kontrollmechanismen an d‘Retentioun vun Asyldemandeure, ze vill verallgemengert ginn, esou den LFR.
Et géif zum Beispill u konkrete Richtlinnen feelen, a wéi enge Fäll eng Persoun an hir Saachen duerchsicht dierfe ginn. De Sergio Ferreira vum LFR gesäit dat kritesch.
"Il y a à nos yeux un manque de proportionnalité par rapport à ce que peut être considéré comme des réels impératifs de sécurité. Et seulement ce devrait permettre que des fouilles puissent être réalisées."
An der EU-Direktiv sinn esou Fouillen zwar virgesinn, awer net als generell Mesure. Dofir fuerdert den LFR, datt se och zu Lëtzebuerg d‘absolut Ausnam bleiwen.
Lëtzebuerg wéilt bei den Delaien extra strikt Moossnamen ergräifen
Och wat d‘Delaien ugeet, hätt Lëtzebuerg ee relativ restriktive Wee ageschloen. Bei enger regulärer Prozedur ass vun der EU een Delai tëschent 15 Deeg an engem Mount virgesinn. Bannent där Zäit mussen d’Autoritéiten eng Decisioun geholl hunn, ob der Persoun hir Asyldemande ugeholl gëtt, oder net.
Den Ament besteet zu Lëtzebuerg een Delai vun 1 Mount, dee mam neie Gesetz op 20 Deeg soll erofgesat ginn, esou nach d’Marion Dubois vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot.
"LFR regrette complètement, puisque cette diminution de 10 jours, ça risque de priver certains demandeurs de l'accès effectif à un avocat. Et ça, il y a également un risque que les recours soient insuffisamment motivés."
Och bei Decisioune fir en Transfert bannent der EU gouf den Delai vu 15 op 10 Deeg gekierzt, bedauert den LRF.
E fuerdert, datt béid Delaien op déi vun der EU virgesi maximal Dauere festgeluecht ginn. Den LFR fuerdert d‘Chamberdeputéiert dann och op, dëse Projet de loi net ze stëmmen.