Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot lueft a kritiséiert der Regierung hir Flüchtlingspoltik

Flüchtlingspolitik

De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot lueft a kritiséiert der Regierung hir Flüchtlingspoltik

De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot begréisst, datt d‘Regierung wëlles huet, fir Familljen déi e Flüchtling hebergéieren, finanziell ze ënnerstëtzen. Dat geet aus der Analys vum Kapitel iwwert d‘Migratioun am CSV-DP-Koalitiounsaccord vum Flüchtlingsrot ervir. Dora gëtt et awer och eng Rei Kriticken.

auto_stories

2 min

Duerch d’Zréckbehale vun engem Deel vum REVIS géifen d’Leit an eng Ofhängegkeet rutschen, erkläert de Sergio Ferreira vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot. D‘Flüchtlingen déi op Lëtzebuerg kommen, bräichten Autonomie amplaz Ofhängegkeet.

„Et ass e falsche Schrëtt am Sënn vun der Integratioun vun deene Leit.“

Flüchtlingen, déi an de Foyere wunnen, bezuelen och elo schonn e Loyer. Dofir ënnerschreiwe si en Dokument, erkläert de Sergio Ferreira, an dat wier leider kee Contrat de Bail.

„Dat aktuellt Dokument, dat si ënnerschreiwen, gëtt hinne just d’Flichten – an net d’Rechter. An dat ass inakzeptabel.“

Bildung an Zougang zum Aarbechtsmarché spille keng Roll

Fir d’Sozial Inklusioun gesäit de Koalitiounsaccord vir, datt all Demandeur de Protection internationale Sproochecoursen a Coursen iwwer d‘Zesummeliewen obligatoresch solle beleeën. Et géifen awer wichteg Punkte fir déi sozial Inklusioun net opgezielt ginn, ënnert anerem den Zougang zum Aarbechtsmarché an zur Bildung.

„Fir eng richteg Integratioun musse mer, notamment wann et mat Sproochen ze dinn huet, intensiv Course maachen. Net just Alibi-Coursen vun 100 Wierder op Lëtzebuergesch, dat de Leit näischt bréngt, mee mir musse richteg investéiere fir duerno d’Resultat ze kréien. Fir datt duerno d’Leit kënne schaffe goen, hir Steiere bezuelen an hiert normaalt Liewe maachen, sou wei jidderee vun eis.“

De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot weist sech a senger Analys och besuergt, datt Lëtzebuerg den europäesche Pakt fir Migratioun matgedroen huet an erënnert d’Regierung drun d’Menscherechter am Kontext vum Asylpakt ze evaluéieren.

Lauschterenplay_arrow