Et ass eigentlech eng Iwwerraschung: Lëtzebuerg proposéiert zesumme mat Éisträich Ännerungen am europäesche Gesetz géint d’Zerstéierung vum Bësch a mécht d’Demande, datt d’Europäesch Kommissioun d’Applikatioun vun deem Reglement op en Neits verleeë soll.
Zu Bréissel kommen e Méindeg d’Agrarministeren zesummen. D’Lëtzebuerger Ministerin Martine Hansen ass do mat derbäi an huet am Virfeld eng Propos mat Pisten op den Dësch geluecht, fir eng "Simplificatioun" vum Reglement.
Et geet ënner anerem drëm, Länner oder Regiounen ze definéieren, déi deels vun de Virschrëften am Reglement befreit géifen, respektiv wou manner Kontrollen iwwert Produite gemaach géife ginn, déi aus deenen Zonen erausginn.
Applikatioun vum Reglement sollt weider verluecht ginn
D’Europäesch Kommissioun sollt, sou heescht et an deem Pabeier, gefrot ginn, fir respektiv Ännerungen am Reglement ze maachen. Sou laang déi net virleien, sollt een et op Äis leen.
D’Memberlänner an d’Europaparlament ware sech zejoert eens ginn, d’Applikatioun vum Reglement op den 30. Dezember 2025 ze verleeën - deemools war decidéiert ginn, datt een um Gesetz selwer näischt ännert.
Genee dat proposéiert elo Lëtzebuerg zesumme mat Éisträich. De Virschlag gëtt vun néng aneren EU-Länner, dorënner Italien, Finnland, Bulgarien a Portugal ënnerstëtzt.
natur&ëmwelt: Ännerunge géifen d’Efficacitéit vum Reglement a Fro stellen
Zil vum Deforestatiounsgesetz ass et, dem Verschwanne vum Bësch entgéint ze wierken.
E Freideg hat de Welt-Institut fir Ressourcë gemellt, datt tëschent 2023 an 2024 d’Verschwanne vun tropesche Bëscher ëm 80 Prozent zougeholl huet.
En vue vun deenen Zuele wier dat Europäescht Reglement sou wichteg wéi nach ni, schreift d’ONG natur&ëmwelt an engem Bréif un d’Lëtzebuerger Agrarministerin Martine Hansen an un den Ëmweltminister Serge Wilmes. Ouni dat Gesetz wier a Fro gestallt, ob international Engagementer kënnen agehale ginn. Dat géif, sou natur&ëmwelt, d’Glafwierdegkeet vun der EU a vu Lëtzebuerg a Fro stellen.
Et war iwwregens den haitegen Agrarkommissär Christophe Hansen, deen an där leschter Legislaturperiod de Rapporteur am Europaparlament iwwert dat Reglement war. Deemools hat sech eng Majoritéit aus senger Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei hannert d’Reglement gestallt. Wat elo haaptsächlech vun där Säit a Fro gestallt gëtt.