De Premier rechent mat enger schwiereger Diskussioun bei der NATO fir d’Verdeedegungsausgabe vun de Memberstaaten erop ze setzen. Lëtzebuerg wier am gaangen ze versichen op zwee Prozent vum nationale Räichtum fir d’Verdeedegung ze kommen.
Éischter 3 wéi 2 Prozent
Et misst ee sech mental drop virbereeden, datt déi Lëtzebuerger Defensenausgaben éischter bei dräi wéi bei zwee Prozent vum RNB (revenu national brut) wäerte leien. Och wann déi nei US-Regierung wéilt diktéiere wéi d’Welt ausgesäit, misst Lëtzebuerg ee Partner an Alliéierte vun den USA bleiwen, och well et ee wichtegen Handelspartner ass, esou de Luc Frieden.
Zum eventuelle Réckzuch vun US-Truppen am gréissere Stil aus Europa, mengt de Premier, datt een an deenen nächste Wochen nach weider villäicht iwwerraschend Aussoe kéint erwaarden.
Fir no der Fuesvakanz huet de Premier bilateral Gespréicher mat de Sozialpartner ugekënnegt, ënner anerem iwwer d’Kollektivverträg an iwwer d’Organisatioun vun der Aarbecht.
Dag vum Trounwiessel gëtt kee Feierdag
D’Ried zur Lag vun der Natioun soll a knapp dräi Méint sinn, den 13. Mee. Fir den Trounwiessel den 3. Oktober dëst Joer, ee Freideg, wäert et kee Feierdag ginn, huet de Premier kloer gestallt. Den Dag duerno – samschdes - gëtt ee Volleksfest organiséiert.
An dofir hu mer fonnt, datt et besser wier d’Leit wieren am Land a géingen net ee verlängerte Weekend am Ausland maachen. Dofir ass also kee Feierdag decidéiert gi fir den Trounwiessel.
Am Regierungsrot de Freidegmoie gouf de Sportminister autoriséiert, fir d’Kandidatur ze stellen, fir den Depart vum “Tour de France” am Joer 2028 hei zu Lëtzebuerg ze organiséieren.