Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Cathal Murphy - Emotional Disco

play_arrow Live
search

/ Lëtzebuerg kritt Waasserstoff aus der Belsch

Erneierbar Energie

Lëtzebuerg kritt Waasserstoff aus der Belsch

Lëtzebuerg wäert Waasserstoff aus der Belsch kréien. Déi Intentioun ass de Moien op der Staatsvisitt vun der groussherzoglecher Koppel an der Belsch festgehalen. Eng entspriechend “Letter of interest” gouf vun der Lëtzebuerger Entreprise Creos an der belscher Fluxys ënnerschriwwen.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Och de Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles war present. Den Hafe vu Gent wier d‘Entréesdier vun Europa, an domat och vu Lëtzebuerg esou de Lex Delles op enger Pressekonferenz um Bord vun der Staatsvisitt.

Nordséi ideal fir Produktioun vu Waasserstoff

De Pit Losch, Expert fir Energie am Wirtschaftsministère erkläert, datt grad d’Nordséi ideal fir d’Hierstelle vu Waasserstoffenergie ass.

An der Nordséi géif e „massiivt Offshore-Potenzial“ bestoen, wou ee grouss Wandanlage kann opriichten. Mat der grousse Quantitéit un erneierbarem Stroum, kéint een dann och erneierbare Waasserstoff produzéieren.

Vill Importméiglechkeeten

Ee weidere groussen Atout wier den Import, deen iwwer d‘Häfen an der Nordséi méiglech ass.

„An et ass sou, dass een an der Zukunft dovun ausgeet, datt da flëssegt Ammoniak oder soss flësseg Waasserstoffderivater importéiert kënne ginn. Déi dann iergendwou op der Welt kënne produzéiert ginn, wou et ganz vill erneierbar Energië gëtt.“

Ëmweltfrëndlechkeet hänkt vu Produktioun of

Aus dem Grond misst dann elo gekuckt ginn, op een déi aktuell Pipeline kann ëmfunktionéieren, fir datt Waasserstoff kann transportéiert ginn, oder op nei Pipelinë musse gebaut ginn.

Ob d’Waasserstoffenergie ëmweltfrëndlech ass, géif vun der Produktioun vum Waasserstoff ofhänken, betount de Pit Losch vum Wirtschaftsministère.

Aktualitéit
Wirtschaft
Wëssenschaft