Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Entrevuë mat Google an NASA: Xavier Bettel a Lex Delles op Aarbechtsvisitt zu San Francisco

USA-Lëtzebuerg

Entrevuë mat Google an NASA: Xavier Bettel a Lex Delles op Aarbechtsvisitt zu San Francisco

Vun haut u bis e Freideg sinn den Ausseminister Xavier Bettel an den Tourismusminister Lex Delles op Aarbechtsvisitt zu San Francisco. Am Mëttelpunkt steet d‘Theema kënschtlech Intelligenz, d‘Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien an de Space-Secteur.

auto_stories

1 min

Google | © Greg Bulla / Unsplash
Foto: Greg Bulla / Unsplash

Béid Ministeren hunn ënner anerem Entrevuen mat Responsabele vu Pony.ai, Google an NASA.

D‘USA sinn e wichtege Partner vum Grand-Duché. Wéi et am offizielle Communiqué heescht, hu béid Länner d‘lescht Joer Geschäfter vun iwwer 24 Milliarden Euro gemaach. Hei am Land sinn eng 100 amerikanesch Entreprisen implantéiert, haaptsächlech am Industriesecteur an am Beräich vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien.

Ëmgedréint sinn och eng zéng grouss Lëtzebuerger Betriber an den USA present.