Radioen

On air

Notturno  |  Derya Yildirim & Grup Simsek - Bal

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg ënnerstëtzt d'Ukrain beim Deminage

Eng Millioun Euro

Lëtzebuerg ënnerstëtzt d'Ukrain beim Deminage

Lëtzebuerg spent der Ukrain 110 Kit-de-déminagen. Den Ausseminister Xavier Bettel huet gëschter um Méindeg der ukrainescher Ambassadrice Natalia Anoshyna d'Material, ënner anerem Metalldetekteren a Schëppen, iwwerginn.

auto_stories

1 min

© Pebia Urban
Foto: Pebia Urban

Text: Pebia Urban

De Käschtepunkt vun deenen 110 Kit-de-déminagë läit bei ronn enger Millioun Euro.

An den ukrainesche Gebitter, wou déi russesch Truppe sech schonn zeréckgezunn hunn, sollen esou fréi wéi méiglech all d'Minnen detektéiert an ewechgeholl ginn. Déi Kitte géifen awer net duergoen, esou nach den Ausseminister.

“Et geet jo net nëmmen duer, dass ee Kitten och schéckt, et muss een och Formatioun vun deene Leit dohanne maachen. Et geet och drëms ëm d'Elektresch, well den Här Putin, déi hien net mat enger Waff ëmbréngt, huet och nach vläicht wëlles, deen een oder aneren erfréieren ze loossen. Dat ass och d'Realitéit um Terrain. An dofir ass et wichteg, dass och nach Elektresch do ass, fir dass d'Leit och sech nach kënnen hëtzen. Dat sinn nach eng Kéier 8 Milliounen, déi mer do och virgesinn."

D'Lëtzebuerger Hëllef wier also do, a se géing och net ophalen, esou de Xavier Bettel. 

Weltwäit hätt d'Ukrain déi meeschte Minnen, esou déi ukrainesch Ambassadrice Natalia Anoshyna. Zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain wier e Budget vu 15 Milliounen Euro fir den Deminage virgesinn. Dat huet den Ausseminister Xavier Bettel matgedeelt.