Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg bei den Olympesche Spiller: Analys vun de Resultater

Olympesch Spiller

Lëtzebuerg bei den Olympesche Spiller: Analys vun de Resultater

Fir Lëtzebuerg sinn déi Olympesch Spiller eriwwer. Tëschent dem 25. Juli a gëschter waren déi 13 Lëtzebuerger Sportler:inne bei de Spiller zu Paräis am Asaz. Hire Bilan fält um Enn gemëscht aus.

auto_stories

3 min

Géif een, dem olympesche Virbild no, Medailen dofir verdeelen, da krit d’Patrizia van der Weken ouni Zweiwel Gold, d'Christine Majerus Sëlwer an de Ralph Daleiden an den Nicolas Wagner-Ehlinger Bronze. Esou gesäit et den Eric Ewald a sengem Bilan vun den Olympesche Spiller.

Toppleeschtung vun der Patrizia van der Weken

Iwwer d'100-Meter an d'Halleffinallen ze lafe war dem Patrizia van der Weken zougetraut ginn. Datt der Sprinterin 6 Honnertstel gefeelt hu fir d'Finall, weist, wéi no d’Weltspëtzt beienee läit. Déi um Enn 15. Plaz vun der Liichtathleetin war d'Toppleeschtung, aus Lëtzebuerger Siicht, bei Olympia.

Schéine Karriärschluss fir d'Christine Majerus

Fir e ganz staarken Optrëtt huet d'Christine Majerus bei hire leschten Olympesche Spiller gesuergt. D'Cyclistin koum bei der Stroossecourse op déi 17. Plaz an huet sech domat quasi um Enn vun hirer Karriär nach emol selwer e schéine Kaddo gemaach.

Ganz a guer net enttäuscht hunn och de Schwëmmer Ralph Daleiden, deen iwwer d'100-Meter-Crawl den 30. gouf, an den Dressurreider Nicolas Wagner-Ehlinger. Deen huet sech als 24. par rapport zu de Spiller vun Tokyo verbessert an ass definitiv ee vun de Gewënner vu Paräis.

Mention spéciale fir Ni Xia Lian

Eng Mention spéciale geet iwwerdeems un d'Ni Xia Lian, déi mat 61 Joer bei Olympia nach emol ënner déi 32 bescht Dëschtennisspillerinnen am Simpel koum. Och wa si do keng Chance hat géint d’Nummer 1 op der Welt, huet si awer duerch hiert Optriede vill fir d'Bild, no baussen, vu Lëtzebuerg gemaach.

Hir Komerode Sarah de Nutte a Luka Mladenovic hunn zum Deel eng gutt Géigewier gewisen, besonnesch d'Sarah de Nutte, déi no hirer Partie allerdéngs wéinst der Absence vun hirem Trainer fir eng Polemik gesuergt huet.

Gutt geschloen huet sech och de Cyclist Alex Kirsch, als 40. vun der Stroossecourse; d'selwecht wéi d'Christine Majerus huet hien als eenzele Starter de Maximum erausgeholl.

Enttäuschte Bob Bertemes

De Liichtathleet Bob Bertemes, dee sech am Bommstoussen net fir d'Finall qualifizéiere konnt, war als 17. selwer enttäuscht, bei senge leschten Olympesche Spiller.

Léiergeld bezuelt hunn iwwerdeems de Ruben Querinjean als 26. iwwer d'3.000-Meter-Steeple an d'Vera Hoffmann als 40. iwwer d'1.500-Meter.

De Bouschéisser Pit Klein dann huet an den 32.-Finalle vum Recurve just ee Feil souzesoen an de Sand gesat. Dat ass de Beweis dofir, datt ee sech op deem Niveau näischt erlabe kann.

An, last but not least, huet d'Triathleetin Jeanne Lehair um Vëlo missen opginn. Si, déi selwer mat enger Topp-Placéierung gerechent hat, huet sécherlech déi gréisst perséinlech Enttäuschung vu Paräis ze verdauen.