Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - Jazzy mood

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Lëtzebuerg begréisst méi labber Ëmweltreegele fir Baueren

Landwirtschaft

Lëtzebuerg begréisst méi labber Ëmweltreegele fir Baueren

Op EU-Niveau solle verschidden Ëmweltreegele fir d’Bauere gelockert ginn. Doriwwer goufe sech d’Agrarministeren den Dënschdeg eens. Fir datt d’Mesuren an de Memberlänner kënnen ëmgesat ginn, muss och nach d’Europaparlament zoustëmmen. Dat kéint schonn am Abrëll geschéien.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: EUROPEAN UNION

Lëtzebuerg begréisst déi proposéiert Ännerungen, sot den Dënschdeg d’Agrarministerin Martine Hansen zu Bréissel.

D’Gefor, datt de Landwirtschaftssecteur sengen Obligatiounen a Saachen Ëmwelt- oder Klimaschutz net méi nokënnt, gesäit d’Ministerin net.

Vill Versteesdemech fir d'Baueren

U Getuuts vun Trakteren huet ee sech zu Bréissel scho bal gewinnt.

Trotz deenen Aktiounen, déi deels déi legal Moyene fir ze demonstréiere largement iwwerschratt hunn, gëtt et nach ëmmer Versteesdemech - och bei deenen, géint déi sech de Protest eigentlech riicht - an dësem Fall d’Agrarministeren, déi den Dënschdeg op en Neits zu Bréissel zesumme waren.

“Die Bäuerinnen und Bauern haben über Jahre still gehalten. Und wir haben einfach gesehen in den letzten Monaten, dass es Probleme gibt …”, seet zum Beispill den eisträischeschen Agrarminister.

4 Konkret Ëmweltmesuren

Wéi vill vu senge Kolleegen a Kolleeginnen héiert hie sech net esou un, wéi wann hie selwer mat fir déi d’Reegelen, déi elo massiv kritiséiert ginn, responsabel wier. De Problem wieren d‘Präisser um Agrarmarché, d’Bürokratie an d‘Onsécherheete wéinst dem Krich an der Ukrain, esou den Norbert Totschnig.

“Diese Summe an Problemen hat einfach dazu geführt, dass es Proteste gibt und dieses Signal jetzt von der Kommission ist einfach ein richtiges Signal um den Bauern und Bäuerinnen entgegenzukommen und zu sagen: Wir unterstützen Euch. Deswegen sind wir auch für eine rasche Umsetzung dieser Vorschläge.”

Konkret gëtt bei véier Ëmweltmesuren ugesat: Keng Kontrolle bei ganz klenge Betriber, méi Flexibilitéit bei de Reegelen, déi eng Buedembedeckung oder d’Fruchtfolleg virschreiwen. An aus der Obligatioun véier Prozent vu senge Fläche broochleien ze loossen, soll eng fräiwëlleg Mesure ginn.

Lëtzebuerger Landwirtschaftsministerin setzt léiwer op Ureizer

Dat ass gutt esou, seet d’Martine Hansen, Lëtzebuerger Ministerin fir d’Landwirtschaft, déi an Zukunft de Baueren Ureizer bidde wëllt, fir datt si nawell Land broochleie loossen.

“Einfach engem Secteur soen: 'produzéiert véier Prozent manner, an dir kritt näischt dofir, maacht dat einfach esou‘. Dat fannen ech schwiereg."

Duerch déi proposéiert Mesurë ginn d’Ambitiounen am Ëmweltschutz erofgesat, seet iwwerdeems den däitschen Agrarminister Cem Özdemir. D’Martine Hansen ass domat net d’accord. Lëtzebuerg géif Ëmweltmoossnamen och finanziell ënnerstëtzen "an déi ginn zu Lëtzebuerg extreem gutt genotzt, esou datt mir do och keng direkt Problemer gesinn".

D'Martine Hansen wëllt sech nach net festleeën

Wéini kann dann ee Bauerebetrib zu Lëtzebuerg mat Ännerunge rechnen? Si wéilt elo déi néideg Analyse maachen an dann eng Roadmap kommunizéieren, fir datt d‘Bauere Bescheed wéissten, wat op si zoukéim, esou d‘Martine Hansen.

Op d‘Fro, ob déi véier Mesurë fir Lëtzebuerg zu Lëtzebuerg och ëmgesat géife ginn, äntwert d‘Martine Hansen. "Mir mussen dat analyséieren, mee theoreetesch si se méiglech, jo.“ Déi Lëtzebuergesch Agrarministerin wëllt sech also nach net festleeën, wéini déi Ännerunge vun de Reegele fir d‘Landwirtschaft zu Lëtzebuerg a Kraaft trieden.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.