Radioen

On air

Notturno  |  Lionlimb - Hurricane

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg-China: Wat stécht hannert dem Laangstreckevol?

1. Fluch vun China Southern op Lëtzebuerg

Lëtzebuerg-China: Wat stécht hannert dem Laangstreckevol?

Um Donneschdeg Owend ass en Airbus A350 vun der chineesescher Fluchgesellschaft China Southern mat 146 leit u Bord um Findel gelant. Et ass den éischten direkte Passagéiervol tëscht Lëtzebuerg a China. An zanter dem Joer 2000, wou d‘Luxair hier New York Vollen opginn huet, och nees déi éischt Interkontinentalverbindung um Findel.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Op Lëtzebuerger Säit gouf et net vill offiziell Ukënnegungen, et sief dann, dass Luxairport eng Zeremonie fir den éischten Depart um Findel organiséiert hat.

Wou läit den Interessi un dëser Linn?

Mee ëmsou méi grouss ass de medialen Opwand op chineesescher Säit: Déi chineesesch Staatstelevisioun war op der Plaz, och déi national Zeitungen an Agencen hate Meldungen iwwer dësen éischte Vol. De chineeseschen Ambassadeur hat op eng Receptioun invitéiert.

Mee wou läit den Interessi un dëser Linn vu Zhengzhou an der Provënz Henan op Lëtzebuerg? Dozou den Direkter vu Luxairport Alexander Flassak:

"Also es gibt schon seit langer Zeit den Willen, dass man Luxemburg anfliegt. Das hat jetzt funktioniert. Da spielt sicher auch die Verbindung des Shareholders eine entscheidende Rolle."

Banken a Chrëschtmäert als Magnéit

35 Prozent vun de Cargolux-Parte sinn an der Hand vun der HNCA, der Entwécklungsgesellschaft vun der Provënz Henan, déi elo ugeflu gëtt. Déi gesäit Zhengzhou zesumme mat Lëtzebuerg als ee sougenannten Dual-Hub, vun deem aus Asien, Europa an Amerika mat chineesesche Produite versuergt ginn, ganz am Sënn vum Belt and Road Programm, der globaler chineesescher Exportstrategie.

Bei der Cargolux kann een dat nach novollzéien, mee firwat eng Passagéier-Linn?

"Nach unserer Kenntnis setzt die Airline sehr auf Tourismus. Also man ist ja hier wirklich im Herzen Europas und kann von hier aus neben den touristischen Attraktionen in Luxemburg und der Grossregion weiter reisen. Aber es gibt natürlich auch die starken Wirtschaftsbeziehungen. Wir hatten heute eine relativ grosse Delegation aus China hier anwesend. Es gibt natürlich die Wirtschaftsbeziehungen, die Bankenwelt in Luxemburg mit starken chinesischen Banken. Das heisst im Grunde beides. Es gibt den Business-Traveller und die Touristen."

Direkt no der Landung sinn déi chineesesch Touriste mat Bussen op Tréier an Heidelberg gefuer: Chrëschtmäert sinn touristesch Magnéiter. Och vu Lëtzebuerg aus bidde Reesbüroe scho Vollen op dëser Linn un. Mee et bleift déi ganz grouss Fro, ob d‘Linn wierklech wäert rentabel sinn.    

Lauschterenplay_arrow