Radioen

On air

Notturno  |  Cameron Knowler & Eli Winter - For A Chisos Bluebonnet

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Leschten Delai fir Bréifwal zu Lëtzebuerg unzefroen

Nationalwalen

Leschten Delai fir Bréifwal zu Lëtzebuerg unzefroen

Haut ass de leschten Dag wou Residenten zu Lëtzebuerg nach d’Bréifwal fir d’Chamberwale kënnen ufroen. Si kënnen dat entweder Online maachen, iwwert MyGuichet.lu, oder per Post, op normalem Pabeier, oder op engem Formulaire, deen e bei der Gemeng kritt, wou ee wunnt.

auto_stories

1 min

D’Bréifwal-Demande kënne Residenten entweder an där Gemeng maachen, wou si op de Wielerlëschten agedroe sinn, oder an der Gemeng, wou si wunnen.

Wann d’Demande acceptéiert gëtt kritt ee vun der Gemeng eng Convocatioun per Recommandé geschéckt, an dat spéitstens bis 15 Deeg virum Waldag, also bis den 23. September. 

D’Gemeng schéckt do och de Wal-Bulletin mat, an zwou Enveloppen: Eng Wal-Enveloppe, wou “Bréifwal” drop steet – do leet een den ausgefëllte Wal-Bulletin dran. D’Wal-Enveloppe kënnt dann an eng normal, scho bezuelte Post-Enveloppe. Déi muss spéitstens um Waldag, also den 8. Oktober, virun 2 Auer mëttes, am Büro ukommen.

Fir d’net-Residentë war den Delai fir d’Bréifwal unzefroe scho viru ronn zwou Wochen ofgelaf.