Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
search

/ Leschte Prozessdag am Fall Gisèle Pelicot

51 Männer sinn ugeklot

Leschte Prozessdag am Fall Gisèle Pelicot

Am Vergewaltegungsprozess vu Mazan hunn déi 51 ugeklote Männer um Méindegmoien eng lescht Geleeënheet um Geriicht ze schwätzen. Duerno zitt d‘Cour Criminelle vu Vaucluse sech zeréck fir iwwer de Verdikt ze deliberéieren. D'Urteeler sollen a priori en Donneschdeg bekannt ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Romain Doucelin
Foto: picture alliance / NurPhoto | Romain Doucelin

D'Audienzen hunn dräi an en hallwe Mount gedauert. 

Déi 51 Männer sinn ugeklot wéinst Vergewaltegung vun der Gisèle Pelicot an de Joren 2011 bis 2020, dorënner hire fréiere Mann. Hien hat seng Fra drogéiert, fir ze vergewaltegen, a si vun Dosenden anere Männer vergewaltegen ze loossen, mat deenen hien um Internet Kontakt hiergestallt hat.