Radioen

On air

Thé Dansant  |  Lee Fields and The Expressions - Regenerate

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No der Amokfaart stelle sech Froen zum Motiv an zu de Sécherheetsmesuren

Däitschland

No der Amokfaart stelle sech Froen zum Motiv an zu de Sécherheetsmesuren

No der Attack op e Chrëschtmaart zu Magdeburg mat 5 Doudeger an iwwer 200 Blesséierte stelle sech nach ëmmer Froen zum Motiv vum presuméierten Täter. De Mann, dee festgeholl gouf, war der Justiz an der Vergaangenheet schonn opgefall, gouf awer net als konkret Bedrohung agestuuft. Warnungen, déi an der Vergaangenheet bei den däitschen Autoritéiten zum presuméierten Täter agaange waren, ginn elo ausgewäert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance/dpa | Jan Woitas play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Jan Woitas

Mat sengem Auto ass de 50 Joer alen Taleb A. e Freideg den Owend iwwert de Magdeburger Chrëschtmaart gerannt. E puer honnert Meter wäit, duerch d’Leit duerch, déi um Marché stoungen, giess a gedronk hunn. Den traurege Bilan, Stand Sonndegmoien: 5 Doudeger, dorënner e Kand vun 9 Joer, an iwwer 200 Blesséierter. Vill dovu schwéier. 

D'Fro vum "Firwat"?

An nach ëmmer ass net vill gewosst iwwert de “Firwat” vun der Dot. De Mann, deen zënter 18 Joer an Däitschland gelieft an als Dokter geschafft huet, war den Autoritéiten net als Islamist bekannt. De Procureur vu Magdeburg sot gëschter, “Onzefriddenheet mam Ëmgang mat saudi-arabesche Flüchtlingen” kéint een Ausléiser fir d’Dot gewiescht sinn. De Mann gëtt awer nach befrot. 

Onkloer ass och, ob d’Attack hätt kënne verhënnert ginn. Wéi d’Bundesamt für Migration und Flüchtlinge confirméiert huet, wier am Joer 2023 eng Warnung zum presuméierten Täter bei den Autoritéiten agaangen. Och bei anere Behörden, wéi der Berliner Police, ware wuel an der Vergaangenheet Warnungen ukomm. De Rainer Wendt, Chef vun der däitscher Policegewerkschaft, sot, déi Warnunge géifen elo gesammelt an ausgewäert ginn. Am Bundestag soll nach virum Joreswiessel déi innepolitesch Kommissioun zesummekommen, fir méiglech Verfeelungen opzeklären.

Honnerte Leit ware gëschter Owend am Doum vu Magdeburg zesummen fir eng Gedenkzeremonie fir d‘Affer.

Et gi sech elo Froe gestallt iwwert d‘Sécherheet op de Chrëschtmäert queesch uechter Däitschland. De saarlänneschen Innenminister Reinhold Jost sot um Sonndeg Moien der DPA,  datt am Saarland d‘Mäert wéi geplangt bis e Méindeg opbleiwen. D‘Sécherheetsmesurë géife verstäerkt ginn. Dozou gehéiert d‘Policepresenz, genee ewéi d‘Iwwerpréiwung vun der Sécherheet vun den Zoufaartsweeër.

Nei Diskussioune kuerz virun de Walen

D’Dot vu Magdeburg gëtt schonn elo politesch genotzt, virun allem vum rietse Bord. Well de presuméierten Täter awer an der Vergaangenheet als Islamkritiker an AfD-Sympathisant opgetrueden ass, hale sech souguer Deeler vun der AfD bis elo zeréck.

Diskussiounen ëm d’Sécherheet am ëffentleche Raum goufen et an Däitschland dëst Joer genuch, ënnert anerem nom Attentat op e Museksfest zu Solingen am Summer. Si wäerten no der Attack zu Magdeburg nees opkommen. An dat matzen am Walkampf.

Lauschterenplay_arrow