Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Léon Gloden: “Mir hunn d’Leit esou fréi wéi méiglech gewarnt”

Krisewarnung

Léon Gloden: “Mir hunn d’Leit esou fréi wéi méiglech gewarnt”

Wéinst Schnéi a Glatäis réit d’Regierung dozou, haut doheem ze bleiwen. Den Inneminister seet, déi Warnung wier esou fréi wéi méiglech erausgaangen.

auto_stories

1 min

D’Krisecellule vun der Regierung hätt ofgewaart, bis se “eng gréisser Certitude” hat, datt et zu vill Äisree géif kommen, esou de Léon Gloden am 100,7-Interview. Esoubal een déi hat, wier dunn eng national Krisewarnung verschéckt ginn.

Den Inneminister betount, et wier der Regierung hir Aufgab d’Leit mat Zäiten ze warnen, an dat hätt an dësem Fall gutt funktionéiert. “Et ass der Regierung hir Aufgab am Viraus ze denken, an dofir ze suergen, datt kee Chaos iwwer d’Land abrécht,” esou de Léon Gloden.

D’Wiedersituatioun wäert haut de ganzen Dag iwwer weider vun der Regierung analyséiert ginn. D’Krisecellule, an där ënner anerem d’Police an d’Rettungsdéngschter vertruede sinn, wäert dofir reegelméisseg ënner senger Leedung de point maachen, esou den Inneminister. Um 11 Auer wäert dann och déi ganz Regierung zesumme kommen.

D’Recommandatiounen un d’Populatioun géifen iwwer den Dag ugepasst ginn, jee nodeem wéi d’Wieder sech entwéckelt, esou den Inneminister. Soubal dat de Fall wier, géif d’Regierung dann och doriwwer kommunizéieren.