De Weibëschof wier dofir, datt d’Schoulfach “Vie et Société”, wat de Reliounsunterrecht ersat huet, nach eng Kéier iwwerschafft gëtt. Donieft bréicht d’Kierch och zousätzlech finanziell Mëttele vum Staat fir de kulturelle Patrimoine an de Kierchen ze versuergen.
“Wa mer wëllen, datt déi Objeten, déi sech an eise Kierche befanne versuergt ginn, wat dacks och wierklech e kulturelle Patrimoine vun eisen Dierfer ass, heiansdo bal den eenzege Patrimoine den et do gëtt, da brauche mer méi eng grouss Hëllef vum Staat.”
Flüchtlingspolitik: "Dat kann net déi Politik sinn, déi een hei verfollegt"
De Weibëschof Leo Wagener betount och, datt d’Lëtzebuerger Flüchtlingspolitik net dozou féieren dierft, datt Leit op der Strooss landen. Datt d’Kapazitéit vun de Flüchtlingsstrukturen am Moment un hir Limitte stéisst, wär zwar eng Realitéit, déi een net kéint ignoréieren, esou de Leo Wagener de Moien hei op der Antenn. An awer, dierft een an engem Land ewéi Lëtzebuerg keng Leit einfach op d’Strooss setzen.
"Dat kann net déi Politik sinn, déi een hei verfollegt. Da misst een awer och fir déi Leit iergendwellech Solutiounen hunn, déi se awer nach an hirer Dignitéit respektéieren. Quitt, datt een och Moossname muss huelen, wou een däitlech mécht, datt net jiddereen zu Lëtzebuerg kann ugeholl ginn."
E gudde Wee géif et senger Meenung no net ginn. Hie fënnt awer, datt et och fir déi Leit provisoresch Infrastrukture misst ginn. D’Kierch hätt awer am Moment keng zousätzlech Kapazitéiten an hire Gebaier fir weider Flüchtlingen op ze huelen, esou de Weibeschof. Soubal eppes fräi gëtt géif een dat zur Verfügung stellen.