search

/ Leetzëns bléift onverännert

Wirtschaft

|
reading time

1 min

Leetzëns bléift onverännert

Déi Europäesch Zentralbank (EZB) léisst d‘Leetzënsen am Euroraum, trotz den héije Pëtrolspräisser an der staarker Inflatioun, onverännert bei 2 Prozent. Dat huet d‘EZB de Mëtteg zu Frankfurt decidéiert.

reading time

1 min

© Markus Mainka / Adobe Stock
(Foto: Markus Mainka / Adobe Stock)

Zënter leschte Juli ass dat elo fir déi siwent Kéier hannerteneen, datt déi Europäesch Zentralbank d‘Leetzënsen net uréiert.

Expert:innen erwaarden sech awer, datt d‘EZB nach am Laf vum Joer d‘Zënsen eropsetze wäert, wa méi Date virleien, fir d‘Konsequenze vum Krich anzeschätzen.