D‘Krisecellule réit de Leit, wa méiglech haut doheem ze bleiwen an nëmmen Deplacementer ze ënnerhuelen, déi absolut noutwenneg sinn.
D‘Krisecellule koum elo de Moien um 6 Auer nach emol zesummen. Bei där ass och de Roland Fox, Direkter vu Ponts et Chaussées dobäi.
Hien erkläert, datt d'Haaptstrécken, awer och déi kleng Weeër, vun de Camione bestreet ginn a bis elo d'Situatioun am Grëff wier.
Trotzdeem réit de Roland Fox, datt d'Leit net erausfuere solle, wa si net mussen.