Den aktuelle Stand vun den Entwécklungen: MeteoLux an inondations.lu
D‘Pegele si bis gëschter Owend erofgangen an hu sech iwwer d'Nuecht stabiliséiert. Plazeweis bleift d'Situatioun awer ugespaant. De CGDIS huet hënt sechs mol missen intervenéieren, an angem Fall war et e Bam deen eng Stroos blockéiert hat.
Déi weider Entwécklung hänkt ganz staark vum Néierschlag of, deen haut nach erof kënnt, akut Situatioune ginn et momentan awer keng. Nach bis den Owend Hallefnuecht gëlt dofir jo eng rout Alerte vu Meteolux.
Iwwerdeems dierft d‘Situatioun op der Musel liicht méi riskant ginn, déi soll an den nächsten Deeg weider klammen a wuel mar am Laf vum Moien den héchsten Niveau erreechen.