Dëser Deeg hu mir nees un all ons Matmënsche geduecht, déi ons fir ëmmer verlooss hunn. Et gëtt awer och Institutiounen, déi kënne stierwen. Et kann zum Beispill sinn, datt haut um Dënschdeg déi amerikanesch Demokratie begruewe gëtt. Eng schrecklech Perspektiv.
De Problem vun der Kierch zu Lëtzebuerg
Ech wëll mech haut awer mat engem aneren Doudeskandidat ausernee setzen: Der kathoulescher Kierch. Zu Roum ass Enn Oktober eng weltwäit Synod op en Enn gaang, déi kaum Liewensfreed ausgestraalt huet. Si huet éischter Enttäuschung verbreet, well se weder den Zölibat opgelackert, nach der Fra Gläichberechtegung versprach huet.
Enttäuschung gouf et och beim Besuch vum Poopst François zu Lëtzebuerg an an der Belsch. Op d’mannst de belsche Premierminister huet net gezéckt, fir him kloer ze soen, datt déi Aart a Weis, wéi si mat de Verbrieche vum Sexualmëssbrauch ëmgeet, net gesond ass. An déi kathoulesch Uni vu Louvain huet sech kloer vum Poopst François sengem Fraebild distanzéiert, dat der Fra eng passiv Roll zouschreift.
Béid hunn dee Saz aus dem Matthäusevangelium seriö geholl, datt et engem Chrëscht seng Aufgab ass, säi Brudder op Feeler opmierksam ze maachen. Eng Kierch, déi d’Mënscherechter bei sech selwer net ëmsetzt, huet keng Chance, an der westlecher Welt nach Mënsche fir de biblesche Message vu Freed a Fräiheet ze begeeschteren an ass zum Ënnergank verurteelt.
Nom Poopstbesuch zu Lëtzebuerg, wou zwar kee Regierungsvertrieder de Courage hat, dem Poopst ze soen, datt d’Kierch krank ass a si aner Medikamenter misst huelen, wa se nees wëllt op d’Bee kommen, sinn eng Partie Chrëschten aus der Kierch ausgetrueden. Si kënne sech net méi mat deem kranke Patient identifizéieren. Dorun ass net eleng Roum, mee och d’Kierch zu Lëtzebuerg Schold.
Ëmgank mat der Caritas: Een Aarmutszeugnis
Mam Ënnergank vun der Caritas huet se schonn hir Stëmm verluer, fir der Gesellschaft de Spigel entgéintzehalen an hir ze soen, wat alles falsch leeft. An der Sendung Kloertext op RTL huet de Kardinol Hollerich seng Passivitéit wëllen domat entschëllegen, datt déi Verantwortlech vun der Caritas hien net ëm Hëllef gefrot hätten. Mat Recht huet den Theo Péporté geäntwert, wann e Kand sech wéi deet, da waart een net, datt et rifft, mee et leeft een dohin, fir him ze hëllefen.
D’Kierch zu Lëtzebuerg huet mat der Caritas-Kris gewisen, datt se zwou existenziell Funktiounen net méi erfëllt: Si ass net méi amstand, Nächsteléift am Kader vun enger struktureller Solidaritéit mat deenen Äermsten a Vernoléissegten an onser Gesellschaft unzebidden, a si huet hir prophetesch Stëmm opginn, fir der Welt den alternative, chrëschtleche Message ze verkënnegen. Si feiert an der Liturgie, der drëtter Funktioun vun der Kierch, nach just sech selwer.
Och op de Griewer stoungen déi lescht Deeg ëmmer manner Leit. Wann et esou weidergeet, dierft dem Willibrord säi Wierk, deem säin Namensdag mir de 7. November feieren, no 1.200 Joer geschwënn op en Enn goen.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.