Radioen

On air

Simon Says  |  Monie Love - Monie in the Middle

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Läichnam vum Alexei Navalny nach ëmmer net bei der Famill

Russland

Läichnam vum Alexei Navalny nach ëmmer net bei der Famill

Nom Doud vum russesche Kremlgéigner Alexej Nawalny ass seng Läich nach ëmmer net opgetaucht. Seng Mamm a säin Affekot hätten de Läichnam nach ëmmer net kënnen identifizéieren. D‘Läich wier weder an der Morgue vun der Stad, nach am Prisong selwer.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Claudia Thaler
(Foto: picture alliance / Claudia Thaler)

E Mataarbechter vum Stroflager hätt matgedeelt, dass dem Nawalny säi Läichnam an enger anerer Stad wier fir analyséiert ze ginn. D‘Doudesursaach wier nach net gekläert, mat engem Resultat wier réischt d‘nächst Woch ze rechnen.

Dem Nawalny säin Team geheit den Autoritéite fir, dass si d‘Läich vum Kremlkritiker express net géife fräiginn, fir d‘Spure vu sengem Mäerder ze verwëschen.