Radioen

On air

Notturno  |  De Läb - De Läbdance

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ LU-Alert gëtt haut am Kanton Miersch getest

Nationale Warnsystem

LU-Alert gëtt haut am Kanton Miersch getest

Den neien nationale Warnsystem LU-Alert gëtt de Moien am Kanton Miersch getest, wéi den Inneministère matgedeelt huet. Nei ass dobäi, datt de Warnmessage a Piips-Toun och op Handye kënnt, déi op "silencieux" geschalt oder gespaart sinn.

auto_stories

1 min

LU Alerte | © Jo Diseviscourt

Dës Funktioun am neie System wier bis elo nach ni zu Lëtzebuerg genotzt ginn, heescht et. De Ministère preziséiert, d‘Leit sollten net erschrecken, wa si deen Toun um Handy héieren, et wier just eng Übung, a no e puer Sekonne géif de Warntoun och nees ausgoen.