Radioen

On air

Notturno  |  Fred Barreto Group - For So Long

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ LU-Alert gëtt haut am ganze Land getest

National

LU-Alert gëtt haut am ganze Land getest

Den neien nationale Warnsystem LU-Alert gëtt haut weider getest. Dës Kéier um ganzen Territoire. Gëschter war de System am Kanton Miersch getest ginn.

auto_stories

1 min

LU Alerte | © Jo Diseviscourt
Foto: Jo Diseviscourt

Haut kréien d‘Leit deemno am ganze Land a Warnmessage mat engem Warntoun um Handy geschéckt. Nei ass dobäi, datt de Message affichéiert gëtt an de Warntoun ze héieren ass, och wann den Handy op "lautlos" geschalt oder gespaart ass.

Den Inneministère preziséiert: Et kéint sinn, datt verschidde Leit de Message awer net kréien, well d‘Software op hirem Handy net à jour, an deemno net kompatibel mam System vun LU-Alert ass.