Kann d'Koalitioun tëschent CSV an LSAP zu Conter weidergeféiert ginn? Dorop gëtt d'LSAP nach keng Äntwert. Et misst ee fir d'éischt doriwwer beroden, wat d'Demissioun vun der Éischter Schäffe Stéphanie Ansay géif bedeiten a wéi een do géif virufueren, esou den LSAP-Politiker Pol Thomé aus dem Conter Gemengerot.
Och d'CSV-Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet weess nach net, wéi et elo virugoe soll. Dat misst d'LSAP dann an hire Reien diskutéieren, mee et wier een och selbstverständlech do, fir mat der LSAP ze schwätzen. D'Demissioun selwer gesäit si kloer als Kritik un hirer Persoun, wat si mat Erstaune festgestallt huet. Et hätt een ee "ganz kollegiaalt Verhältnis", esou d'Buergermeeschtesch.
"An engem Auto hunn ech si matgeholl op Reuniounen, ech hu si iwwerall virgestallt, matgeholl. Mir hunn zesummen an der Mëttegstonn giess, mir hunn eis am Fong gutt verstanen, hunn ech fonnt. Dofir gëschter, wéi dat do virgelies ginn ass, hunn ech gemengt, et géif eng aner Persoun ugeschwat ginn. Ech konnt eigentlech net gleewen, wat ech do héieren hunn."
Zovilé-Braquet: Revirement bei LSAP
Zu Conter ginn et zënter Méint Tensiounen, ënner anerem wéinst Virwërf vu Mobbing an der Gemengeverwaltung. D'Gemeng hat zwee Mataarbechter entlooss, rezent huet d'Geriicht déi Entloossung awer annuléiert. An der Fro, ob d'Gemeng dogéint soll a Cassatioun goen, waren d'Majoritéitsparteien CSV an LSAP sech dës Woch am Gemengerot net méi eens. Dem Pol Thomé no wier dat awer net als Spëtzt géigeniwwer der CSV ugeduecht gewiescht, mee et wier een einfach anerer Meenung. Deem widdersprécht d'Marion Zolivé-Braquet awer. De Koalitiounspartner hätt nach um hallwer zwou geschriwwen, datt een dofir géif stëmmen.
"An ëm fënnef Auer si si komm an hunn dogéint gestëmmt."
An et schéngt och weiderhin, wéi wa keng Rou an d'Affär géif kommen. Den Alex Penning, Affekot vun deenen zwee Mataarbechter, déi dem Geriichtsurteel no nees mussen an d'Gemengeverwaltung integréiert ginn, kritiséiert, datt d'Gemeng dem Urteel nach net nokomm wier. Trotz rechtskräfteger Ordonnance hätten d'Mataarbechter nach ëmmer kee Salaire kritt an och dowéinst momentan keng Krankekeess.