arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Drock op d'CSV-Buergermeeschteesch vu Conter gëtt méi grouss

Lokales

|
headphones

1 min

Den Drock op d'CSV-Buergermeeschteesch vu Conter gëtt méi grouss

Den Donneschdeg huet sech d'LSAP-Politikerin Stéphanie Ansay no hirer Demissioun aus dem Schäfferot vu Conter ëffentlech zu Wuert gemellt. An engem Schreiwes kritiséiert si d'CSV-Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet schaarf. D'Buergermeeschtesch géif sech hirer Verantwortung entzéien.

headphones

1 min

D'Gemeng Conter bräicht en Neiufank an d'Gemengespëtzt misst nei opgestallt ginn, fuerdert d'Stéphanie Ansay, déi net méi Member vum Schäfferot ass, awer nach Member vum Gemengerot.

D'CSV-Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet huet den Donneschdeg Owend am 100,7-Interview zouginn, datt den Drock all Dag méi grouss géif ginn.

"Ech soe just dat hei. Haut op alle Fall ginn ech meng Demissioun net. (...) Ech mengen, dat do ass mat engem Zil ugaangen, den 29. August virun engem Joer. Dat Zil hu se bis elo nach ëmmer net erreecht. Déi, déi dat wëllen erreechen, well ech sëtzen nach ëmmer hei. An da musse mer eeben elo emol kucken, wéi dat dote virugeet."

An der Gemeng Conter gouf et an de leschte Méint géigesäiteg Reprochë vu Mobbing an toxeschem Aarbechtsklima. Am Schäfferot goufen et rezent Divergenzen, well d'CSV an d'LSAP sech net eens gi sinn, wéi si op eng Néierlag viru Geriicht reagéiere sollten.