An der Regierung ,Santer-Poos vun 1984 bis 1989 war de Marcel Schlechter Transport, Bauten an Energieminister. An där Zäit gouf ënner anerem déi Tréierer Autobunn fäerdeg gebaut oder och déi deemoleg Schülertransport-Kaart "Jumbokaart" agefouert. An der nächster Regierung war de Marcel Schlechter net méi derbäi, hie koum awer 1990 an d‘Europaparlament, wou hie bis 1999 souz.
1963 war de Marcel Schlechter an den Iechternacher Gemengerot gewielt ginn. Hie gouf do Schäffe bis 1969.
1967 war der Marcel Schlechter och eng éischte Kéier an d‘Chamber komm, just fir e Joer awer, ier et 1974 de Retour op de Krautmaart war. Fir zéng Joer, bis zu sengem Wiessel an d‘Regierung.
De Marcel Schlechter bleift an Erënnerung als Original vun Iechternach, fir säin Humor an als Politiker, deen no bei de Leit war. A fir eng politesch Karriäre wei et se haut schwéier denkbar ass: Vu Formatioun hier, Gäertner, huet hien als Aarbechter um Laminoire zu Schëffleng geschafft, an duerno als Buschauffer bei den CFL. An deem Kontext war hien och laang Jore President vun der Gewerkschaft vun de Beruffschaufferen, der ACAL.
De Marcel Schlechter war an de 50er Joren iwwregens och zweemol nationale Champion am Boxen.
Den 18. Februar 2007 war de Marcel Schlechter beim Carlo Link an der Emissioun "Erlieft a Verzielt". Déi ganz Emissioun kënnt Dir hei nach eng Kéier lauschteren.