arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LISER: Gros vun de Léit déi op Lëtzebuerg schaffe komme sinn héich qualifizéiert

National

|
reading time

1 min

LISER: Gros vun de Léit déi op Lëtzebuerg schaffe komme sinn héich qualifizéiert

Iwwer Dräivéierel vun de Leit, déi 2023 nei op Lëtzebuerg koume fir hei ze schaffen, waren héich qualifizéiert an haten een Unis-Diplom. Dat geet aus dem zweeten Deel vun enger Etüd vum Fuerschungsinstitut LISER zum Theema ervir.

reading time

1 min

© picture alliance / BeckerBredel
(Foto: picture alliance / BeckerBredel)

Déi meescht wieren heihi komm fir am Finanz oder am Informatiks- an Technologiesecteur ze schaffen. An dat virop well se hei eng Offer kruten, op zweeter Plaz gëtt d'Liewensqualitéit als Grond genannt an dann de Salaire.

Negative Facteur: Logementskäschten

Ofgesi vun enger potentieller "bedeitend" Baisse beim Salaire, wieren d‘Logementskäschte mat Ofstand den Haaptfacteur, fir d‘Leit ze incitéieren erëm vun hei fort ze plënneren, esou d‘Fuerscher. 

Effektiv war eng Erkenntnis aus dem éischten Deel vun der Etüd, datt d’Hallschent vun alle Salariéen, déi op Lëtzebuerg schaffe kommen, d‘Land erëm bannent den nächste 5 Joer verloossen. Am zweeten Deel hätten allerdéngs iwwer 60 Prozent vun de ronn 3.200 Befrote gesot, datt se méi laang wéilten hei bleiwe wéi Uganks geplangt. An datt sech hir berufflech Situatioun hei am Verglach mat virdru verbessert hätt.