Grond fir de Réckgang wieren eebe manner Telefonater am Festnetz mat enger Tendenz dofir, datt d'Leit ëmmer méi dacks op Messenger Apps zeréckgräife fir ze telefonéieren. Et géif iwwerdeems och manner Televisioun gekuckt ginn.
Den Direkter vun der ILR, de Luc Tapella mengt, datt Tendenz schonn a an déi Richtung geet, datt d'Leit gär wëlle gutt connectéiert sinn. Dat wier am "Koffer" net méiglech. Dëst wier eng al Technologie.
"An dofir déi Investissementer, déi eis Operateure maachen, maachen et och, dass Lëtzebuerg e Land ass, wat gutt connectéiert ass, wat éischtens hëlleft de Leit, de Privatleit doheem, ech mengen Teletravail an aner Saachen, wou een eng gutt Connectivitéit brauch. Mee dat hëlleft awer och der ganzen Industrie, de PMEen oder aner Entreprisen, dass déi och hei zu Lëtzebuerg gutt Connectivitéit kënne kréien an och en attraktiivt Land ass, fir nei Entreprisen op Lëtzebuerg ze kommen."
Dem ILR no géif och weiderhi staark an nei Infrastrukturen investéiert ginn. Mëttlerweil si 86 Prozent vum Land mat Glasfaser verbonnen. Bis 2030 sollen dann och déi lescht Kofferleitunge mat dem méi performante Glasfaser asugetosch sinn.
Text vum Luca Di Santolo