An senger traditioneller Usprooch um Virowend vum Nationalfeierdag huet de Staatsminister Luc Frieden de Fokus op de gesellschaftlechen Zesummenhalt geluecht. An enger Welt vun Onsécherheet misst Lëtzebuerg mat sengen europäesche Partner zesumme stoen, esou de Premier.
Hommage un de Grand-Duc Guillaume
Zum Schluss vu senger Ried huet de Staatsminister d’Aarbecht vum neie Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie gewierdegt.
Hien huet betount, datt si an den éischte Méint vun hirem Règne d’Land no banne verbonnen an no bausse representéiert hätten.