arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Attack op Huawei war Grond fir de Crash bei der Post am Summer zejoert

Cybersécherheet

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Attack op Huawei war Grond fir de Crash bei der Post am Summer zejoert

Eng sougenannt "zero-day-attack" op déi chineesesch Entreprise Huawei war de Grond fir de Crash, den 23. Juli zejoert, vum Telekommunikatiounsréseau vun der Post. Dat mellt "The Record", een op Cybersécherheet spezialiséierten Norichteportal aus den USA.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Fotomontage Radio 100,7 | ©  picture alliance / CFOTO | CFOTO
Fotomontage Radio 100,7 (Foto: picture alliance / CFOTO | CFOTO)

Deemno hätt eng Attack, déi eng bis dohin net bekannte Sécherheetslacune an der Software vun Huawei-Routere fir Entreprisen ausgenotzt hätt, zum landeswäiten Ausfall gefouert.

Viru knapp 10 Méint ware jo ënner anerem Mobil- a Festnetzappeller bei der Post iwwer 3 Stonne laang zu Lëtzebuerg net méiglech.

Den Experte vun "The Record" no wier déi Sécherheetslacune bei Huawei ni bekannt ginn. Esou wier a kenger ëffentlecher Datebank eng Notiz dozou hannerluet ginn a keng ëffentlech Warnung un aner Bedreiwer.

Schwaachstell bleift onbekannt

De Kommunikatiounsresponsabel vun der Post, Paul Rausch, gëtt mat de Wierder zitéiert, datt et - esou Huawei - bei kengem vun de Clientë jeemools esou eng Attack ginn hätt an och keng fäerdeg Léisung dofir. De Virfall hätt sech net widderholl, mee d’Schwaachstell wier ongekläert bliwwen. Huawei hätt op Froe vun "The Record" net geäntwert.

Am Juli d’lescht Joer hätt e speziell manipuléierten Trafic d’Routere fir Entreprisë vun Huawei ëmmer nees nei starte gelooss, nodeems se ofgestierzt waren. Domat wiere wichteg Deeler vun der Post-Infrastruktur broochgeluecht ginn.

D’Regierung hat sengerzäit vun enger sophistiquéierter Cyberattack geschwat. Fir d’Post hat sech déi Ausso op d’Beschreiwung vum Fachwësse bezunn, dat fir d’Ausnotze vun der Sécherheetslacune néideg war.

Zoustänneg Enquêteuren no hätt keng gezillten Attack op d’Post virgeleeën. Villméi wier just hir Infrastruktur duerchlaf ginn. Zu Lëtzebuerg gouf och keng Plainte gemaach, esou "The Record".

play_arrow Lauschteren