Mee d‘Fuerderunge sinn ënnerschiddlech: Den LCGB wëll eng Tripartite an e sektoriellen “Plan de Maintien dans l’Emploi”, deen och Chômage partiel am Bausecteur géif méiglech maachen. Den OGBL awer ass do dogéint a fuerdert individuell “Plans de maintien dans l’emploi” fir déi Betriber, déi wierklech a Schwieregkeete sinn.
Fir iwwer d‘Problemer am Bausecteur ze beroden hunn d’Gewerkschaften OGBL an LCGB um Freidegmëtteg getrennte Gespréicher mat de Ministere fir Wirtschaft an Aarbecht, Lex Delles a Georges Mischo. Virdrun nach gesinn d‘Syndikater an enger gemeinsamer Reunioun Patronats-Vetrieder vun der Federatioun vun de Constructeuren.