Radioen

On air

Notturno  |  Liam De Bruin - Lavender

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LCGB: D'Zukunft vun der EU dierf net den Demagogen, Populisten a Rietsextremen iwwerlooss ginn

1. Mee

LCGB: D'Zukunft vun der EU dierf net den Demagogen, Populisten a Rietsextremen iwwerlooss ginn

Europawalen, Steierreform a Logementskris: Dat waren ënner anerem d‘Theemen an der Ried vum LCGB-President Patrick Dury op der Éischt-Mee-Feier zu Réimech. Iwwer den aktuelle Pensiounssystem wéilt den LCGB och just am Tripartite-Format diskutéieren.

auto_stories

2 min

Foto: Carole Schimmer

Eng Dausend LCGB-Memberen hate sech zu Réimech fir d’Éischt-Mee-Feier versammelt. An senger Ried huet den LCGB-President d’Sozialwalen ugeschwat. Et hätt ee sech am Privatsecteur bei den Delegatiounen a groussen Deeler vun der Ekonomie kënnen duerchsetzen. An der Chambre des salariés hätt den LCGB seng Positioun mat 17 Sëtz consolidéiert, fir esou déi national Representativitéit kënnen ze behalen.

De Patrick Dury huet och eng Lanz fir Europa gebrach. D’Europäesch Unioun wier d’Zukunft vun de Kanner an et dierft een déi Zukunft net den Demagogen, Populisten oder aner Rietsextremen „Toperten“ iwwerloossen, fir se futti ze maachen. Den LCGB huet och een Opruff gemaach, deene Parteien, déi sech net zu engem gemeinsamen a sozialen Europa bekennen, keng Stëmm ze ginn den 9. Juni bei den Europawalen.

Diskussiounen ëm Pensioun just am Tripartite-Format

Weider Theemen an der Ried zu Réimech waren awer och d’Logements- a Baukris. Hien huet och eng Steierreform gefuerdert an eng Entlaaschtung fir Kleng- a Mëttelverdénger. De Mindestloun misst steierfräi sinn. A punkto Pensioune fuerdert den LCGB eng Tripartite, mam Zil, den aktuelle System kënnen ze erhalen, esou de Patrick Dury.

„Den LCGB erwaart sech, datt déi Diskussiounen zu dräi, am Tripartite-Format, gefouert ginn. Den Tripartite-Format ass nämlech déi eenzeg Konstellatioun, déi op där enger Säit Kompetenzen huet an op där anerer Säit Kraaft huet, fir dat, wat am Konsens decidéiert ginn ass, um Terrain ze vermëttelen an deementspriechend och ëmzesetzen."

All aner Approche géif dozou féieren, datt d‘Strukturen net effizient funktionéiere kéinten. Den LCGB refuséiert och kategoresch, datt de Rentesystem „futtigeschloe gëtt“, huet de Patrick Dury betount.

Wéi zanter dem Referendum huet den LCGB och een Auslännerwalrecht bei de Chamberwale gefuerdert.