Radioen

On air

9 bis 1  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kritik vun der Oppositioun: De Gabriel Attal wier just eng Marionett vum Macron

Neie franséische Premier

Kritik vun der Oppositioun: De Gabriel Attal wier just eng Marionett vum Macron

A Frankräich fänkt den neie Premierminister Gabriel Attal haut um Mëttwoch un, eng nei Regierungsequipe op d‘Been ze stellen. Vum jéngste Premierminister an der Geschicht vu Frankräich gëtt erwaart, datt hien dem Quinquennat vum President Emmanuel Macron een neien Elan bréngt.

auto_stories

1 min

© picture alliance / ROPI | EUC/ROPI
(Foto: picture alliance / ROPI | EUC/ROPI)

Den Emmanuel Macron a säin neie Premier ware gëschter Owend och nach emol zesummen. Si wéilte séier viru kommen, huet et no der Renconter geheescht.

Bis Enn der Woch soll de Casting ofgeschloss sinn. Bis elo ass just sécher, datt den Inneminister Gérald Darmanin an der Regierung bleift.

Vun der Oppositioun kënnt schaarf Kritik, virun allem um jonken Alter vum neie Premier – 34 Joer – well hien net déi néideg Erfarung hätt, fir Premier ze sinn, a well hien eng Marionette vum Emmanuel Macron wier.