Mëtt Juni hat d‘Start a Landepist um Findel jo misste preventiv zougemaach ginn. Déi iewescht Schicht vum Belag hätt sech geléist gehat, heescht et am Schreiwes vu Luxairport. Den Incident wier ee vun enger ganzer Serie, zënter datt déi nei renovéiert Pist erëm a Betrib geholl gouf.
Dat géif Froen opwerfen wat déi laangfristeg Peformance a Resilienz vun der Pist géif ugoen. Luxairport géif dofir all Méiglechkeete préiwen, dorënner och eng Méiglech Klo, heescht et nach am Schreiwes. Zil wier et dem Fluchhafe seng laangfristeg operationell Zouverlässegkeet ze garantéieren.