A villen Géigenden a Syrien hätt d'Situatioun sech iwwerdeems stabiliséiert. Dat ass d'Analys vun der UNO. A verschidde Géigenden am Norden an am Oste vum Land géif awer weider gekämpft ginn. An de leschten Deeg wieren do och eng Partie Leit duerch Landminnen ëm d'Liewe komm.
arrow_back_ios
search
search
/ Krisesommet zur Situatioun a Syrien: D'Land soll nees gëeent ginn
A Jordanien
Krisesommet zur Situatioun a Syrien: D'Land soll nees gëeent ginn
Muer um Samschdeg soll a Jordanien e Krisesommet iwwer d'Situatioun a Syrie sinn. D'Zil ass et, Weeër ze sichen, wéi Syrien nom Stuerz vum Baschar al-Assad ënnerstëtzt ka ginn, huet de jordaneschen Ausseministère matgedeelt. Et misst ee fir en inklusive Prozess suergen, un deem all Gruppéierungen am zersplitterte Land participéieren.
auto_stories
1 min
Foto: Philip Crowther