Ruanda ënnerstëtzt de Rebellemiliz M23. Déi kämpft zanter Jore géint déi kongoleesesch Regierungstruppe fir sech den Zougang zu Buedemschätz ze sécheren.
D‘Miliz an déi ruandesch Truppe sinn an der Stad Goma am Oste vum Land virgeréckelt. Si kontrolléieren do elo de Flughafen an dee gréissten Deel vun der Stad vun iwwert enger Millioun Awunner:innen.
Op d‘mannst 100 Leit wieren ëm d‘Liewe komm an Dausende blesséiert ginn, sou d‘UNO. Déi humanitär Lag an der Stad wier katastrophal. Et géif Berichter gi vu Vergewaltegungen. Honnertdausende Leit si virun der Gewalt fortgelaf.
Fir eng Léisung vum Konflikt ze fannen ass haut e Krisesommet vun der afrikanescher Communautéit an der kenianescher Haaptstad Nairobi. De kongoleesesche President Félix Tshisekedi soll do säi ruandeschen Homolog Paul Kagame begéinen.