arrow_back_ios

article

article

/ Krich am Iran: Tëschent Suergen an Hoffnung

Fräie Mikro

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Krich am Iran: Tëschent Suergen an Hoffnung

Israel an d’USA bombardéieren den Iran. Am Fräie Mikro erkläert de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, firwat hien als Humanist dës Gewalt evidenterweis net guttheesche kann, mee d’Hoffnung op Fräiheet fir dat iranescht Vollek no 47 Joer Theokratie trotzdeem deelt.

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow
De Bob Reuter | © Radio 100,7
De Bob Reuter (Foto: Radio 100,7)

Zënter e puer Deeg bombardéieren Israel an d’USA den Iran. De Regimm-Chef Chamenei gouf geziilt ëmbruecht. Exil-Iraner feieren, am Iran selwer sollen och Leit op d’Strooss gaange sinn. Mee wéi solle mir als Humanisten op dëse Krich reagéieren?

Op den Detail kënnt et un

De Michael Bauer, Virstand vun der Humanistische Vereinigung an e laangjärege Frënd, huet eng Erklärung verëffentlecht, déi wuel vill Humanisten direkt ënnerschreiwe géifen: Hie gesäit de Krich mat grousser Suerg.

Wann awer reliéise Fanatismus, Folter a Mord am Iran domat ophalen, da begréisst hien dat. Hie rifft dozou op, d’Kampfhandlunge séier ze stoppen, an dréckt säi Matgefill fir d’Affer op béide Säiten aus. Suergen a Hoffnung gläichzäiteg.

Eng mënscheveruechtend Theokratie

De Philosoph Michael Schmidt-Salomon, Matgrënner vun der Giordano-Bruno-Stiftung an en ale Frënd a Begleeder vun AHA Lëtzebuerg, geet an engem Interview mam Humanistischen Pressedienst e Stéck méi wäit: Hie warnt virun engem einfach gestrécktem Schwaarz-Wäiss-Denken a wëllt verschidden Aspekter géinteneen ofweien.

Jo, d’Bombardementer si sécher géint d’Vëlkerrecht. Jo, Onschëlleger stierwen. An dat stëmmt hien traureg. Mee d’iranescht Vollek lieft zënter 47 Joer ënner enger mënscheveruechtender Theokratie. D’Widderstands-Beweegungen, 2009, 2022, Ufank 2026, goufe brutal ënnerdréckt. Dat war kee Fridden – dat war permanente Krich géint déi eege Bevëlkerung.

De Schmidt-Salomon zitéiert de Willy Brandt, deen 1971 gesot huet, Fridde géif Fräiheet a Gerechtegkeet verlaangen. Heiansdo, esou seet hien, kënne Politiker aus falsche Grënn dat Richtegt maachen – och wann den Trump an den Netanjahu bis elo nu wierklech net als grouss Humanisten opgefall sinn an hir Motiver fir dëse Krich alles anescht wéi luewenswäert sinn.

Tëschent naivem Pazifismus a brutalem Militarismus

Zwou humanistesch Stëmmen, zwou Nuancen, mee kee Widdersproch. Béid weigere sech, sech et einfach ze maachen. A genee dat ass et, wat mir als Humanisten an dëser Debatt bäidroe kënnen: De Courage, komplex Froen net ze vereinfachen.

Empathie mat deenen, déi ënner dem Regimm gelidden hunn – an zäitgläich mat deenen, déi elo ënner de Bomme leiden, op béide Säiten. Awer och d’Luciditéit behale fir ze gesinn, datt probéiert gëtt, dee Krich géint den Iran op ganz komesch Aart a Weisen ze legitiméieren, zum Deel och mat Referenz op abstrus reliéis Narrativer op der Säit vun den Amerikaner.

Ech maache mir och keng grouss Illusiounen, datt mat dem Krich am Iran wierklech ee Prozess a Richtung Demokratie a Rechtsstat ugestouss gëtt.

Tëschent naivem Pazifismus a brutalem Militarismus gëtt et e Raum fir humanistescht Denken. Deen ass onbequeem. Mee genee do gehéiere mir hin.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.




 

play_arrow Lauschteren