Hien huet sech dobäi op déi an de Medie verëffentlecht Punkte bezunn – net op d'Dokument vun de Vermëttler vun den USA an der Ukrain aus Genf. Dat ass bis ewell net public.
EU-Bäitrëtt net ausgeschloss
An de Medien ass ënnert anerem rieds vu verstäerkte Sécherheetsgarantië fir d‘Ukrain, datt een Nato-Bäitrëtt vun der Ukrain net méi explizit ausgeschloss wier an datt et keng de facto Unerkennung vun ukrainesche Gebitter duerch Russland soll ginn.
D‘EU begréisst den „neien Elan“ an de Friddensverhandlungen am Ukrainkrich, mee et géif nach vill Aarbecht ginn. Dat soten d‘EU-Kommissiounspresidentin an den EU-Conseilspresident um Bord vum EU-Afrika Sommet.
De Lëtzebuerger Premier dréckt sech op soziale Medien éischter zeréckhalend aus: All Wee zu Fridde misst all Bedeelegt mat abezéien, esou de Luc Frieden.
Deen iwwerschaffte Pabeier zu de Friddensverhandlunge gouf vu Groussbritannien, Frankräich an Däitschland verfaasst.
“Ouni Prozess – kee Fridden”
Dem däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz no géif et „kee Fridden iwwer Nuecht“ ginn. D’Zil misst et sinn datt ee Russland dozou kritt un den Dësch ze kommen an dofir misst ee massiven Drock op Russland maachen.
“Dieses Papier ist jetzt in wesentlichen Teilen modifiziert worden, es wird gegenwärtig abgestimmt und dann ist es die gemeinsame Position der Amerikaner, der Europäer und der Ukraine. Und dann muss Russland an den Tisch.”
Ma Moskau wier just bereet iwwert déi éischt Versioun vum ëmstriddenen 28-Punkte Plang vun den USA ze schwätzen – an och just mat den USA.
Et géif een op ee Signal aus Washington waarden, heescht et. Dee Plang war international kritiséiert ginn, well en der Ukrain vill méi Zougeständnisser ofverlaangt wéi Russland.