arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Debat ëm männlech Ukrainer zu Lëtzebuerg - LUkraine kritiséiert Ausso vu Gloden

Joresdag

|
headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Debat ëm männlech Ukrainer zu Lëtzebuerg - LUkraine kritiséiert Ausso vu Gloden

Zënter dem Ufank vum Krich krute 7.714 Ukrainer:innen eng Protection temporaire zu Lëtzebuerg, an aktuell liewe ronn 4.000 Ukrainer:innen hei. Wéi hir Situatioun zu Lëtzebuerg ass a wéi gutt si integréiert sinn, erkläert de President vun der Associatioun LUkraine Nicolas Zharov am 100,7-Interview.

headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Op d’mannst 15.000 zivil Doudesaffer a méi wéi 40.000 blesséiert Zivilisten huet de Krich géint d’Ukrain bis ewell gefuerdert, esou d'Zuele vum UN-Héichkommissariat fir Mënscherechter (OHCHR).

Remarque vu Gloden "sauer opgestouss"

Leschte Freideg huet den CSV-Inneminister an engem Interview kritiséiert, datt vill männlech Ukrainer an EU-Memberstaate géife kommen, obwuel si an der Ukrain kämpfe kéinten. Dem Nicolas Zharov, President vu LUkraine, ass déi Remark sauer opgestouss.

“Je pense que la position du ministre Gloden, elle est complètement fausse. Ça contredit le statut de protection temporaire, ça contredit les droits de l'homme. Et surtout, il faut aussi penser au nombre de gens qui sont mobilisés en Ukraine, qui sont actuellement en armée. Et les victimes parmi les militaires et les civils. Je pense que l'Ukraine paye déjà un prix très, très haut.”

Déi Positioun vum Léon Gloden géif den Nicolas Zharov esouguer traureg maachen. Iwwerdeems géife Männer d’Minoritéit vun den ukrainesche Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg ausmaachen.

D’Situatioun vun deenen hätt sech bannent de leschte véier Joer och net wierklech geännert, seet de Nicolas Zharov. D’Accueilsstrukture wieren iwwerfëllt a Flüchtlinge géifen nach ëmmer vill Obstakelen an de Wee gestallt ginn, beispillsweis fir eng Aarbecht ze fannen.

“On a souvent une mère avec plusieurs enfants qui doit faire attention aux enfants et les enfants doivent être scolarisés. Et entre-temps ont droit aussi aller travailler. Les réfugiés dans l'Institut bénéficiaire des protections temporaires ne recoivent pas d'autres aides comme les autres familles unifamiliales. Ceci crée des obstacles. L'autre problème c'est bien sûr l'aspect psycho-social. Donc il n'y a pas assez de travail avec les réfugiés.”

Déi aktuell schwiereg Situatioun um Aarbechtsmarché géif dann nach Säint derbäi droen. Allem an allem wier et eng komplex Situatioun. An awer hunn der Generalinspektioun vun der Securité sociale no ëm déi 1.600 Ukrainer:innen, also ronn 40 Prozent, zu Lëtzebuerg eng Aarbechtsplaz.

Virbildlech Integratioun vu Flüchtlingskanner an de Schoulen

D’Integratioun vun ukrainesche Kanner an de Schoulen zu Lëtzebuerg fënnt de Nicolas Zharov virbildlech. Do kollaboréiert een och zesumme mam Educatiounsministère, well Flüchtlingskanner sech dacks a schwierege Situatioune befannen.

C'est donc une des meilleures choses qui existent au Luxembourg, c'est la scolarisation des enfants, peu importe s'ils sont réfugiés ou pas. Je pense que le Ministère de l'Éducation fait un très bon travail. Surtout dans les aspects des soutiens mentaux, psychologiques, car malheureusement il y a aussi des cas de suicide parmi les réfugiés, parmi les adolescents, et donc c'est pour ça qu'on essaie aussi de les aider dans ces démarches, compte tenu que les familles, les adolescents, les enfants se trouvent dans la situation où ils ne connaissent pas leur futur.”

Wann et awer ëm d’Accueilsstrukture geet, gëtt den Nicolas Zharov däitlech. Viru Kuerzem hat eng Vertriederin vun LUkraine.lu an de soziale Reseauen op schlecht hygieenesch Bedingungen, beispillsweis an der Struktur Tony Rollmann um Kierchbierg, opmierksam gemaacht.

Solidaritéit géif noloossen

Knaschteg Toiletten, Duschen a verstoppte Lavaboe waren ënner anerem op deene Fotoen ze gesinn. De Problem wier ganz kloer, datt et net genuch a grouss genuch Strukture fir den Accueil géife ginn. Dem Nicolas Zharov feelt et hei u politeschem Léisungswëllen.

“L'hygiène, c'est très important, surtout pour des structures qui devraient être des structures temporaires. Malheureusement, les familles se trouvent là-bas à la place de quelques semaines, plusieurs mois, avec des troubles de santé, avec des enfants qui doivent aller à l'hôpital assez souvent. Je ne vois pas pourquoi on attend tellement, si on connaît bien les problèmes. Je ne vois pas ce qu'on attend. Est-ce qu'on attend qu'il y ait un enfant mort?”

Kuerz nom Ufank vum Krich war d’Solidaritéit zu Lëtzebuerg grouss. Vill Lëtzebuerger hunn deemools ukrainesch Flüchtlinge bei sech doheem opgeholl. No véier Joer Krich wier d’Solidaritéit mat der Ukrain zwar nach ëmmer do, mee net méi wéi am Ufank, seet den Nicolas Zharov.

“Le focus sur l'Ukraine, sur les réfugiés ukrainiens qui se trouvent au Luxembourg, est moindre. Néanmoins, la solidarité existe toujours, donc lors de la manifestation qui a eu lieu ce samedi, j'ai mis un accent sur l'unité. Je pense que l'unité, c'est quelque chose d'essentiel pour nous, pour l'Union européenne, pour le Luxembourg, et qu'on doit garder cette unité.”

Leider géif Russland mat Propaganda och ëmmer nees probéieren, déi europäesch Solidaritéit mat der Ukrain ze briechen. Dës Propaganda misst ee bekämpfen, esou nach de Nicolas Zharov.

play_arrow Lauschteren