Radioen

On air

Thé Dansant  |  Jorge Ben Jor - Descalço No Parque

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Kréien d'Maison-relaisen zukünfteg méi Personal?

Petitioun

Kréien d'Maison-relaisen zukünfteg méi Personal?

Méi Personal an de Crèchen an an de Maison-relaisen: Ëm dës Fuerderung ass et an der Chamber gaangen. D’Petitioun vun der Jil Nilles, déi haut debattéiert gouf, war viru ronn engem Joer vun iwwer 4.800 Leit ënnerschriwwe ginn. Dora gouf een ugepasste Personalschlëssel verlaangt, fir de Bedierfnesser vun de Kanner besser gerecht ze ginn. 

auto_stories

2 min

D’Eltere sollen erëm Responsabilitéit iwwerhuelen, de soziale Secteur dierft net profitorientéiert sinn, a fir Kanner soll ee Congé vun 20 Deeg pro Joer aus de Betreiungsstrukturen agefouert ginn. Esou e puer vun de Fuerderungen haut vun de Petitionärin.

Wat de Personalschlëssel ugeet wier d’Realitéit de Moment, datt an de Strukturen eng Persoun sechs Kanner vun ënner zwee Joer däerf betreien, esou d’Jil Nilles, déi an der Chamber dëse Virschlag fir eng Verbesserung gemaach huet.

"Eng Méiglechkeet fir een ugepasste Personalschlëssel ass: Eng Persoun däerf dräi Kanner ënner zwee Joer betreien, eng Persoun däerf fënnef Kanner tëschent 2 a 4 Joer betreien, an eng Persoun däerf 7 Kanner ab 4 Joer betreien."

Et géif ëm eng qualitativ Upassung fir d’Kanner goen, esou de Manuel da Costa, deen d’Petitionärin begleet huet.

"Et ass eis einfach wichteg, dass d’Kanner, déi ganz vill Stonnen an enger Institutioun sinn, kënnen esou gutt wéi méiglech betreit a begleet ginn, an hirer Entwécklung."

Claude Meisch: Net nëmmen ee finanziellen Effort

De Minister Claude Meisch huet confirméiert, datt d’Regierung wëlles huet, de Personalschlëssel am Klengkandberäich ze verbesseren, esou wéi dat am Regierungsprogramm steet. Dat soll iwwert déi nächst Jore geschéien.

"Wëssend, datt dat natierlech een Effort wäert bedeiten, deen net nëmme finanzieller Natur wäert sinn, mee virun allem och wat d’Ausbildung vum Personal ubelaangt."

De Minister huet däitlech gemaach, datt et ee Mangel u qualifizéiertem Personal gëtt, deen een net vun haut op muer ofgebaut kréich.

Wat d’Formatioun vun den Educateuren ugeet, huet de Claude Meisch bestätegt, datt am Süde vum Land een zweete Site vum Lycée technique pour professions éducatives et sociales (LTPES) soll entstoen. Och dat ee Punkt aus dem Programm vun CSV an DP. Donieft soll den aktuelle Site zu Miersch ausgebaut ginn.

 

Aktualitéit
Edukatioun
Politik
Politik a Gesellschaft