Wann de Konsument ee Kaf-Kontrakt op Distanz ofschléisst oder baussent dem Etablissement, huet e 14 Deeg Zäit dësen zeréckzezéien an dat ouni mussen ee Motiv unzeginn.
Den Droit de rétractation gëllt net wann de Kontrakt sur place ofgeschloss gëtt. Och bei de Kontrakter fir en Autos-Prêt gëlt een Droit de rétraction vu 14 Deeg.
Wéi d’Direktioun fir Konsumenteschutz am Communiqué schreift, gi wärend dem ganzen Autosfestival och Kontrolle bei de Revendeure gemaach fir zum Beispill ze kucken ob d’Präisser korrekt affichéiert sinn.