An dësem "Bléck zeréck" gi mir op d’Diskussioun ronderëm déi ëmstridden Ausstellung “Rendez-vous provoqué” am Joer 1994 an, déi een am Nationalmusée besiche konnt. Mir kucken eis un, firwat iwwer dës Ausstellung esou vill diskutéiert, wat genee kritiséiert gouf a befaassen eis mat der Fro: Wat däerf Konscht eigentlech?
Eng opgehaange Kaz am Hall vum Nationalmusée
D’Visiteure vun der lëtzebuergesch-hollännescher Konschtausstellung "Rendez-vous provoqué", déi am Kader vum 30-järege Bestoe vum Accord vun den diplomatesche Bezéiungen tëschent Holland a Lëtzebuerg organiséiert gouf, mussen net schlecht gestaunt hunn, wéi si deem éischten Ausstellungsstéck am Agangsberäich vum Nationalmusée begéint sinn.
Deen hollännesche Kënschtler Berend Strik hat eng ausgestoppte Kaz un hirem Schwanz opgehaangen an iwwer engem ëmgedréite ronnen Dësch hänke gelooss. Um Dësch selwer louch e Koup gemuele Muskatnoss. De Kënschtler wollt domat seng Kritik um internationale Liewensmëttelhandel an d’Brutalitéit, déi domat verbonnen ass, ausdrécken.
E gewoten Experiment, war dee sougenannte Staatsmusée zu deem Zäitpunkt net grad dofir bekannt, modern, experimentell Konscht auszestellen. De Jacques Drescher mat Informatiounen zur Ausstellung an engem Abléck zum Debat ronderëm:
Aus der Emissioun "Kiosk" vun 1994:
Lauschteren (00:03:01)
"Wat huet dat nach mat Konscht ze dinn?"
D’Ausstellung huet nom Vernissage eng Rei negativ Kriticken a Lieserbréiwer an de Lëtzebuerger Medien no sech gezunn. Besonnesch d’Exponat mat der ausgestoppter Kaz huet héich Welle geschloen. De Marc Thoma, deemools Journalist beim 100,7, hat keng positiv Wierder fir d’Ausstellung, déi bedeelegt Kënschtler an dat zentraalt Ausstellungsstéck iwwereg:
Aus der Emissioun "Panorama" vum Mäerz 1994:
Lauschteren (00:02:46)
"Allerdéngs muss een och däerfen d’Kand mam Numm nennen an de Kapp rëselen, wann et néideg ass. A Schrott, Schrott nennen. A wat sech am Musée den Ament bei där franséisch-hollännescher Ausstellung ofspillt, kann een zum Deel an d’Kategorie ‘Verblödung vun de Leit’ rangéieren."
Eleng war hie mat senger Positioun net. D’Anny Eck-Hieff, Déiereschützerin a Grënnungspresidentin vun der Lëtzebuerger Déiereschutzvereenegung ALPA, hat sech wärend hirer Visitt direkt un de Staatsminister Jacques Santer adresséiert. Als weider Protestaktioun huet si du kuerzer Hand decidéiert den Drot, un deem d’Kaz opgehaange war, lasszemaachen. Och si huet hirer Meenung duerno um Mikro vum radio 100,7 fräie Laf gelooss an iwwer hir Aktioun geschwat:
Aus der Emissioun "Globus" vum Mäerz 1994:
Lauschteren (00:05:22)
"Ech fannen, datt Konscht kee Fräibréif gëtt fir esou eng Sauerei hei zu Lëtzebuerg ze demonstréieren, fir eng Kaz opzehänken an ech war revoltéiert. (...) Ech hu gesot, wat heescht hei Konscht? Dat do ass een opgestoppten Déier, wat huet dat nach mat Konscht ze dinn?"
"Et muss esou Ausstellunge ginn"
Aner Visiteuren hunn, am Géigesaz zu de Journalisten a Journalistinnen an Déiereschützer:inne begréisst, datt och zu Lëtzebuerg mol modern, provokativ Konscht géif gewise ginn. Op alle Fall déi, déi de Jacques Drescher deemools fir seng Emissioun "Kiosk" am Joer 1994 interviewt huet:
Lauschteren (00:02:22)
"Datt se mol Art contemporain weisen. Esou vill wéi een héiert an de Reaktioune vu Lieserbréiwer an der Zeitung ass dat ee grousse Schock fir gewësse Leit. Ech wonnere mech, wat dat gi wier, wa mir ee grousse Musée hätte mat Art contemporain dran?"
Iwwer dat eigentlecht Zil vun der Ausstellung, d’Konzeptioun an iwwer dat kritescht Wierk huet de Jacques Drescher sech dunn am Studio vum 100,7 mam Responsabelen Enrico Lunghi ënnerhalen. Dobäi koum eng Diskussioun iwwer d’Rezeptioun an d’Akzeptanz vu moderner Konscht zu Lëtzebuerg zustanen:
Lauschteren (00:08:44)
Mee och d’Vuë vun de bedeelegte Kënschtler goufen am Gespréich opgegraff. Nieft dem Enrico Lunghi waren nämlech och déi bedeelegt Lëtzebuerger Kënschtler Bert Theis (1956-2016) an Antoine Prüm agelueden. Béid hu sech iwwer d’Reaktioune vun de Visiteuren, de Protest vun den Déiereschützer an d’Wierke vun der Konscht geäussert:
Lauschteren (00:16:11)
"Vläicht ass et ganz interessant, duerch d'Ausstellung ze goen a jiddwereen unzelauschteren an da vläicht nach eng Kéier zeréckzekommen zu där berüümter Kaz. A vläicht ass et da scho guer net méi esou evident, datt do eng bëlleg Provokatioun gewollt war, mee datt do ganz einfach en Dialog gesicht gëtt. (...) An et muss ee sech vläicht do gewinnen, datt vill Aarbechten esou gestallt sinn, datt d'Resultat net onbedéngt muss e gemeinsame Punkt sinn. Datt déi Leit, déi kucke kommen, datt déi effektiv vläicht mat Recht schockéiert sinn an datt dee Schock, dee si kréien, eeben och herno ka ganz produktiv weidergeleet ginn, dat muss een och vläicht emol envisagéieren."
Méi wéi 30 Joer duerno
Datt Poleemiken ëm esou Ausstellungen een nohaltegen Impakt op déi Konschtschafend a Responsabel kënnen hunn, weist e Gespréich mam Enrico Lunghi, dat de Maurice Molitor dëst Joer, 2025, geféiert huet. An dësem erënnert sech dee fréiere Casino- a MUDAM-Direkter u "Rendez-vous provoqué" zeréck an ënnersträicht, datt déi Bedeelegt deemools guer net mat esou Reaktioune gerechent haten:
Poleemike kënnen also zum ëffentlechen Debat iwwer Konscht an hir Wierkung bäidroen. Allerdéngs kann dësen Dialog sech dann awer och, wéi den Enrico Lunghi mengt, zimmlech eesäiteg gestalten, soudatt déi Bedeelegt dann awer éischter laanschtenee wéi matenee schwätzen.