Wéinst der Kris am Bausecteur gouf decidéiert, déi Demandë méi séier ze behandelen. De Konjunkturcomité, presidéiert vum Wirtschaftsminister Lex Delles a vum Aarbechtsminister Georges Mischo, huet 37 vun deene 47 Demandë gutt geheescht. Aacht goufe rejetéiert an zwou sinn nach en attente.
De Konjunkturcomité kënnt e Méindeg rëm zesummen.