120 Blesséierter a Bëbeeën, déi ze fréi op d'Welt koumen, hätten net kënnen evakuéiert ginn, D‘Doktere wieren am Spidol bliwwe fir sech ëm déi Patienten ze këmmeren.
Zu Fouss sinn déi Honnerte Patienten, Dokteren oder Deplacéierter a Richtung vun der Sala.Heddine Strooss getrëppelt, iwwert déi een an de Süde vun der Gazasträif kënnt.
Déi israeelesch Arméi huet do een humanitäre Couloir organiséiert. D‘Zil vun Israel ass et datt d‘Awunner vum Norden an de Süden deplacéiert ginn. Am Norde féiert d‘Arméi hefteg Kämpf géint déi radikal islamistesch Hamas-Beweegung.
De Moie wiere 26 Persoune gestuerwen, nodeems Rakéiten dräi Gebaier vu Khan Younès getraff hunn. 23 Persoune goufen och blesséiert. Dem rouden Hallef-Mount no, den Equivalent vum roude Kräiz, wieren am Flüchtlingscamp vu Balata am Westjordanland op d'mannst fënnef Mënsche gestuerwen.
Entretemps huet sech déi humanitär Situatioun an der Gazasträif verschlëmmert, de Chef vun der UNO-Agence fir humanitär Hëllef de Martin Griffith huet an engem Video Israel gefrot fir Hëllefsgidder kënnen an der Gazasträif ze verdeelen. Problematesch wier de Manktem u Sprit.
D’Liwwerungen déi elo annoncéiert goufen, dat heescht zwee Camione pro Dag géifen net duergoen. An normalen Zäite géife 50 Camionen den Dag an d’Gazasträif erakommen.
Dee Sprit ass néideg fir engersäits Stroum ze produzéieren an Drénkwaasser, mee och fir Generatoren an de Spideeler.
Och géifen déi humanitär Operatioune riskéiere gestoppt ze ginn, wëll d’Kommunikatiounsnetzer dacks ënnerbrach ginn.